Search

You may also like

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“
Neiegkeeten

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“

Déi flott geduechten a ganz aluedend Galerie „Schëfflenger Konschthaus“ mécht

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!
Neiegkeeten

Quartier Hamm a Polvermillen: Just nach 30 km/h erlaabt!

Ab haut dierf an de Quartieren Hamm a Polvermillen just

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess
Neiegkeeten

Wann de Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess

Déi Lëtzebuerger Mëllechbaueren erliewen op e neits eng Kris, a

MeteoLux gëtt Glatäiswarnung eraus

MeteoLux gëtt Glatäiswarnung eraus

Den nationale Wiederdéngscht MeteoLux hunn de Moien um 7 Auer eng Wieder-Alerte erausginn. Laut de Meteorologen um Findel, kann et um haitege Méindegvirmëtteg plazeweis zu Glëtz kommen. Grond genuch den Niveau vun der Alerte op „Giel“ ze setzen. Ganz Allgemeng huet et am ganze Land Minustemperaturen, et kann also zu gefréierendem Néierschlag kommen.

Am Nomëtteg sollen d‘Temperaturen den Negativberäich awer nees verlooss hunn, allerdéngs ass nach weideren Néierschlag am Nomëtte méiglech. Fir den Owend mellt MeteoLux Temperaturen tëscht +2°C an +5°C, an der Nuecht kann et verschiddentlech zu Niwwelbänke kommen. Muer soll et dann nees dréchen a Sonneg ginn. D‘Temperature kéinten am Süden op +10°C klammen.

Illustratioun: © Anne Nygård / unsplash

Related topics Glatäis, MeteoLux, Néierschlag, Wanter, Wiederdéngscht
Next post Previous post