Search

You may also like

money
JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce
Neiegkeeten

JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce

De Generaldirekter vun der Bank „JPMorgan Chase“ Jamie Dimon huet

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no
Neiegkeeten

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no

Mat der Reprise – oder sollt ee besser vun enger

MeteoLux gëtt Wiederwarnung eraus

MeteoLux gëtt Wiederwarnung eraus

Wärend den Internetsite vun de Wiederfräschen aus Grënn nach ëmmer net funktionéiere wëll, huet d‘MeteoLux seng „giel“ Warnung elo orange ugestrach. Bis gëschter sinn d‘Meteorologen nach vu vis zu 15Liter/M² ausgaangen, de Moien awer hu se dat revidéiert.

Et soll dann elo och net méi tëscht 12 an 22 Auer zu Donnerwieder a Schauere kommen, mee et géif eréischt ab 16 Auer lass goen. Dat mat méi kräftege Wiederen, vill Wand a Knëppelsteng ginn dann och net méi ausgeschloss. Aus dësem Grond geet een dann elo éischter vu 25Liter/M² aus, déi sech Plazeweis kéinten entlueden. Fir muer Sonndeg si weider Schaueren an Donnerwieder an Aussicht gestallt ginn.

Dobäi bleift et wiesselhaft, wéi et um Site vun EUMETNET nozeliesen ass. Dat heescht et wäert och sonneg Ofschnëtter hunn, dat bei schmeieren Temperaturen ëm déi 26°C. Et gëtt nach emol drop higewisen, datt ee sech bei Onwieder sollt vu Waasserleef ewechhalen, an dat bei heftegem Wand de Bëschspadséiergang net recommandéiert ass. Wärend de Site vu MeteoLux net schafft, sollt een elo och inondatiouns.lu am A behalen.

Och wa gewosst ass, datt d‘Applikatioun GouvA!ert elo net den groussen Erfolleg huet, esou ass et wuel awer kee Feeler sech déi op den Handy ze knätschen. Fir de Rescht muss jidderee fir sech elo entscheeden, wéi hien dës Informatioun interpretéiert. Et dreet nach ëmmer keng imminent Gefor an déi 25Liter/M² dierften net zum Chaos féieren. Wou allerdéngs de Buedem voller Waasser ass, oder zoubetonéiert gouf, sollt een uecht doen.

Related topics Donnerwieder, GouvA!ert., inondations.lu, Knëppelsteng, MeteoAlert, MeteoLux, Wandstéiss
Next post Previous post