Search

You may also like

De Wäibau-Secteur huet ze kämpfen, an och d’Strategie zum Wuelergoe vun den Déieren wier enttäuschent
Neiegkeeten

De Wäibau-Secteur huet ze kämpfen, an och d’Strategie zum Wuelergoe vun den Déieren wier enttäuschent

De Landwirtschaftsminister Romain Schneider weist sech enttäuscht zu de Resultater

Klimanoutstand a Spuenien
Neiegkeeten

Klimanoutstand a Spuenien

Aus dem Cabinet vum Ministerpresident Pedro Sanchez koum gëschter d‘Erklärung,

money
De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of
Neiegkeeten

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin, déi wuel am Moment kontroverséiertst Kryptowärung op der

MeteoLux informéiert: „et läit Schnéi an et kënnt es nach derbäi“

MeteoLux informéiert: „et läit Schnéi an et kënnt es nach derbäi“

Wien sech am Télétravail oder dem Wanterschlof befënnt, deem kéint et entgaange sinn, datt et zanter de Moien 6 Auer zu Lëtzebuerg schneit. De Lëtzebuerger Wiederdéngscht MeteoLux huet nach bis den Owend déi „giel Alerte“ ausgeruff. Et kéinte bis zu 8 Zentimeter Schnéi falen…

Laut dem Bulletin „Grand Public“ ass et eekeleg Kal an dreet Gefor wéinst Glatäis op de Stroossen. Muer soll et esouguer nach eng Grëtz méi kal ginn, dat mat Temperature vu bis zu -6°C, jee nodeem wou ee sech am Land ophält. Dofir soll et Freideg dann awer kee Schnéi méi ginn.

Deen allerdéngs soll et méiglecherweis schonn nees iwwert de Weekend, hei verstäerkt op den Héichten a Koppe vum Land, ginn. Laut MeteoLux sinn awer ee puer „sonneg Stonnen“ iwwert de Weekend méiglech. Ditt wann ech gelift uecht wann dir ënnerwee sidd qan dot iech waarm un.

Illustratioun: © Ray Hennessy / unsplash

Related topics Glatäis, MeteoLux, Schnéi, Wanter, Wiederprevisioun
Next post Previous post