Search

You may also like

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Neiegkeeten

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?
Neiegkeeten

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?

Gëschter hunn zu Athen de griichesche Regierungschef Kyriakos Mitsotakis, den

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen

MeteoLux warnt virun héijen Temperaturen

Déi summerlech Temperaturen halen sech, a wat deem enge seng Freed ass, ass bekanntlech deem anere säi Leed. Esou huet dann elo d‘MeteoLux op senger Internetsäit verkënnt, datt et fir muer eng Warnung wéinst héijen Temperaturen huet. Dës gëllt vu 14 bis 20 Auer, an och eigentlech nëmme fir de Süde vum Land.

Wann een sech elo sécherlech eppes lëschteg kéint maachen, bei annoncéierten 30°C vun extremer Hëtzt ze schwätzen, esou drängen sech awer eng Rei Rotschléi op, déi engem duerch ee waarme Summer hëllefe kënnen. Déi sinn zwar eigentlech bekannt, mee et kann een se net oft genuch an Erënnerung ruffen. Hei dann nach emol eng Iwwersiicht, vun den einfache Gesten déi engem dës Temperature sollte méi erdréiglech maachen:

  • Waasser drénken: dat wichtegst bei Hëtzt a summerlechen Temperaturen ass sech richteg hydratéieren. Zwee Liter Waasser iwwert den Dag verdeelt sinn ee Minimum, dräi wiere besser (wa keng gesondheetlech Grënn deem widderspriechen). Dat bescht ass Waasser – Lëtzebuerg huet exzellent Leitungswaasser – mee tëschenduerch ee waarmen Téi oder eng Britt – wichteg bezunn op d‘Mineralstoffer déi ee beim schweessen ausscheet – deet dem Kierper och ganz gutt;
  • Alkohol a Koffein/Téiin: wann et sécher net vun der Hand ze weisen ass, datt grad bei dësem Wieder an no engem laange Pandemiejoer, d‘Gloscht sech et op enger Terrass – egal ob dem Wiert seng oder déi eegen – gutt goen ze loosse grouss ass, esou muss drun erënnert ginn, datt Alkohol eisem Kierper Flëssegkeet a Mineralstoffer entzitt. Kaffi a gréngen Téi belaaschten och de Kreeslaf, bei héijen Temperaturen. Hei heescht et verstänneg bleiwen;
  • Liicht iessen: am Summer ass ee gutt beroden, och beim Iessen eppes uecht ze doen. Am beschte gëeegent fir déi ganz waarm Deeg, si kleng Moolzechten, déi een iwwert den Dag verdeelt. Geméis, op aus der Pan oder als Zalot, mee och reegelméisseg ee Stéck Uebst fir tëschenduerch, maachen den Dag méi erdréiglech. Zudeem bitt d‘Saison vill guddes aus der Regioun;
  • De Schied opsichen: gutt beroden ass een och – wann et sech maache léist – säin Dagesoflaf un d‘Temperaturen unzepassen. Wien am Fräie schafft, sollt seng Aktivitéiten an d‘Moies- an d‘Owesstonne verleeën. Generell sollt een déi prall Sonn vermeiden a sech am Schied ophalen. Kleng Geste, wéi reegelméisseg d‘Handgelenker ënnert killt Waasser halen, oder sech eng fiicht Lomp an d‘Genéck op der d‘Stir leeën, sinn och eng probat Erfrëschung;
  • Kleedung an UV-Schutz: Sech liicht bekleeden ass, bei dësen Temperature jo elo éischter normal, an awer. Am beschte gëeegent ass Kleedung aus Kotteng an helle Faarwen. Schützt iech dann och virun der Sonn: een nohaltege Sonnebrëll, en Hutt mat breedem Rand sollten zum Standard gehéieren, mee och d‘Haut sollt mat enger Sonnecrème geschützt sinn;
  • D‘Wunneng: ganz desagreabel empfanne mir eng opgehëtzte Wunneng. Et hënnert eis um schlofen, mécht schlecht Laun… et ass ee gereizt. Am beschte wier et mueres fréi an owes ze lëften, soen déi eng, alles zou ze hänken, datt keng Sonnenastralung méiglech ass, dofir awer d‘Fënsteren ëmmer oploossen, déi aner.

Et gëtt bestëmmt nach méi gutt Rotschléi, mee fir den Ament war et dat. Woubäi mir eis hei nach wëllen erlaben drop hinzeweisen, datt eeler Mënschen a kleng Kanner sech net zwéngend selwer ze hëllefe wëssen. Dofir hei nach emol de Hiwäis, datt ee Bëbeeën a kleng Kanner ni dem direkte Sonneliicht aussetzt, an uecht deet, datt si reegelméisseg eppes drénken, och hei am léifste Waasser.

Wat eeler Mënschen ugeet, esou verspieren déi oft keen Duuscht. Si „vergiessen“ quasi sech ze hydratéieren. Mir sollten si, ouni se ze drangsaléieren am A behalen a si reegelméisseg opmonteren eppes ze drénken. Aus dësem Grond léist ee weder Kanner nach eeler Persounen am Auto zréck, och d‘Hausdéier huet wann den Auto ofgestallt gëtt, bei grousser Hëtzt hei näischt ze sichen.

Illustratioun: © Herbert Goetsch / unsplash

Related topics Hëtzt, Hydratéieren, Killen, MeteoLux, Sonn, Summer, Waarm
Next post Previous post