Search

You may also like

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem
Neiegkeeten

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng

Sécherheet vun de Foussgänger
Neiegkeeten

Sécherheet vun de Foussgänger

Wéi et vu „wort.lu“ elo opgedeckt gouf, disposéiert de Stater

MeteoLux warnt viru Staarkreen a Knëppelsteng

MeteoLux warnt viru Staarkreen a Knëppelsteng

Aus dem MeteoLux-Wiederbericht vun haut de Moie 7 Auer ass ze enthuelen, datt et wuel eppes ongemitterlech kéint ginn. D‘Alert ass wuel „nëmme“ Giel, mee et dierft keen am Land d‘Episod „Tornado“ vum August 2019 vergiess hunn. Deen haten d‘Experten esou och net komme gesinn…

Fir haut den Owend 18 Auer an dat bis ee Sonndeg 9 Auer, gëtt viru Staarkreen, Knëppelsteng a plazeweis Heftege Wandstéiss gewarnt. Näischt wat ee sollt beonrouegen, mee éischter drun erënnert, datt ee gutt berode prinzipiell Virsiichtsmoossnamen ze ergräifen. Dat wäert wuel kee maachen, mee et ass trotzdeem wichteg nach emol drop hinzeweisen.

Natierlech gëtt vill a gären doriwwer debattéiert, datt d‘Meteorologen hir Prognosen no der Aart vun de griicheschen Orakel an d‘Welt setzen, an tatsächlech hunn d‘Viraussoen eppes vun den TNS-Ilres Sondagen: et ass eng Missioun! An nee et ka kee mat Sécherheet behaapten datt eis am genannten Zäitraum den Himmel op de Kapp wäert falen.

Bezitt ee sech op déi divers am Netz fräi zougänglech Wiederradare stellt ee fest, datt hei eppes duerchenaner herrscht. Däitsch Säiten hunn aner Prognose wéi d‘Fransousen an d‘Belsch, firwat alles eppes oniwwersiichtlech ass. Versicht ee sech selwer ee Reim dorausser ze maachen, da kéint et zäiteg iwwert dem Himmel vum Minett an der Haaptstad lassgoen.

Illustratioun: © Geetanjal Khanna / unsplash

Related topics Knëppelsteng, MeteoLux, Staarkreen, Wandstéiss, Wiederbericht, Wiederwarnung
Next post Previous post