Search

You may also like

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?
International Neiegkeeten

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?

De 17. August huet de Schüler Kadir G. (15 Joer)

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn
International Neiegkeeten

Professionell Formatioun: Ee Chantier ouni Enn

Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de

EMA vertraut ëmstriddenen Impfstoff
International Neiegkeeten

EMA vertraut ëmstriddenen Impfstoff

Well et kuerzzäiteg de Verdacht hat, datt den Impfstoff vum

Mëttelmier: Op mannst 37 Doudeger an iwwer 900 Mënschen zeréckgeschéckt

Mëttelmier: Op mannst 37 Doudeger an iwwer 900 Mënschen zeréckgeschéckt

Den 21. Juli hunn op mannst 37 Mënschen hiert Liewen op der Sich no engem neien Ufank verluer. Beim Versuch dat geféierlecht Mëttelmier ze passéieren, sinn d’Leit erdiischtert oder erdronk. Dës weideren huet déi sougenannte libesch Küstewuecht hier Muechtpositioun nees ausgespillt, andeems si iwwer 900 Mënschen zeréck a Libyen oder Tunesien geschleppt hunn.

D’Boot 648 vun der sougenannter „Küstewuecht“, wat eréischt virun dräi Wochen op en Holzboot mat Flüchtlingen geschoss huet, huet op en Neits Mënschen an der maltesescher Sich- a Rettungszon ofgefaangen. Dëst gouf vum Opklärungsfliger Moonbird aus der Loft eraus dokumentéiert.

D’Moonbird huet den 21. Juli 8 eidel Booter sou wéi een Holzboot am Mier dreiwe gesinn. D’Séinoutretter vu Sea-Watch ginn dovunner aus, datt eleng den 21. Juli ongeféier 15 Booter versicht hunn, d’Mëttelmier ze passéieren, eent vun dëse Booter gëtt nach ëmmer vermësst.

Sea-Watch
Sea-Watch / Facebook

Déi héich Zuel vu Réckféierungen an ee Krichsgebitt ass nëmmen duerch déi direkt Zesummenaarbecht vu Malta, de Frontex Fligeren an Drone vun der sougenannter libescher Küstewuecht méiglech. Dës schutzsichend Mënschen ofzefänken, aplaz hinnen an hirer Nout ze hëllefen, wäert nach fir sou munch Tragedië suergen.

Et gëtt awer och eng gutt Nouvelle. D’Rettungsschëff Sea-Watch 3 ass no enger laanger Blockad erëm am Asaz. Nodeems d’Schëff am Mäerz 2021 363 Mënsche gerett huet, goufen si vun den italieneschen Autoritéite festgesat, d’Grënn heibäi waren alt erëm absurd.

Elo ass d‘Rettungsschëff endlech um Wee fir an d’Asazgebitt a prett Mënschen ze retten. D’Iwwerfaart, déi e puer Deeg laang dauert gëtt intensiv fir Training a Virbereedunge vun der Crew genotzt.

2021 huet Europa schonn méi wéi duebel sou vill Mënschen um Gewësse wéi am Joer virdrun.

Related topics 37 Doudeger, Blockade, Flucht, Libyen, Mëttelmier, Moonbird, Pushback, Sea-Watch, Séinoutrettung, Tunesien
Next post Previous post