Search

You may also like

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht
International Neiegkeeten

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht

Fir d‘Gewerkschaft vun den Enseignanten, SEW-OGBL, steet d‘Primärschoul net virun

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
International Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt

Op e neits schrecklech Tragedie no Schëffbroch virun der de libescher Küst

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt

Berécksiichtegt een de Standpunkt vum „Rouden Hallefmound“, da kéinte bis zu 200 Mënschen, beim Versuch d‘Mëttelmier ze iwwerwanne fir Europa ze erreechen, virun der libescher Küst mat hirem „Schëff“ ënnergaange sinn. Et wier déi bis ewell gréissten Tragedie fir dëst Joer.

MëttelmierE Spriecher vum „Rouden Hallefmound“ (dat ass den islamesche Pendant zum Roude Kräiz) huet uginn, datt bis ewell 67 Läichen aus dem Mier gefëscht goufen, 138 Mënschen als „vermësst“ erkläert goufen, vun deenen net auszegoen ass, datt si dëst Ongléck kéinten iwwerlieft hunn. Et heescht weider, datt dëst Schëff mat 360 Mënschen u Bord virun der Küst an zwee zerbrach wier.

Mëttelmier

De Rouden Hallefmound ass a Libyen beméit sech ëm d‘Migranten ze këmmeren. © UNHCR

Wa ka bestätegt ginn, datt 160 Persoune gerett konnte ginn, esou sinn déi weider Zuelen nach eppes widderspréchlech. Déi libesch Küstewaach schwätzt vun 115 Persounen déi vermësst ginn, während d‘UNHCR an d‘OIM d‘Zuel vun 150 Vermëssten ugëtt. Zudeem geet déi libesch Küstewaach vun 250 Persounen aus, déi sech u Bord vun dësem Schëff opgehalen hunn, iert et ënnergaangen ass.

MëttelmierD‘Noriicht huet och d‘EU-Komissioun – déi vun de genannten Organisatioune widderholl opgeruff ginn ass nees Rettungsmissiounen anzeriichten – erreecht. Déi drängt elo op en neits drop endlech eng Léisung zur Verdeelung vun den aus „Séinout“ gerett Mënschen an der Unioun ze verdeelen. Dofir bréicht et allerdéngs esou eppes wéi „Solidaritéit“ an déi ass den Ament net ze erwaarden.

mat indymedia/rom/tlv

Foto: D‘UN-Flüchtlingswierk versicht gläichfalls de Migranten, déi iwwer Libyen de Wee bei d‘Mier fannen, d‘Risike vun enger „illegaler“ Iwwerfaart opzeweisen an vun dësem Schratt ofzehalen. A Libyen gëtt et den Ament awer keng funktiounsfäeg Regierung, d‘Mënsche ginn deels versklaavt, gefoltert oder soss schrecklech mëssbraucht, firwat e Retour vun de Flüchtlingen an dëst Land net zoulässeg ass. Europa misst sech dëser Situatioun unhuelen a fir sécher Passage suergen, esou déi gemeinsam Positioun vun UNHCR an OIM. © UNHCR

Related topics IOM, Libyen, Mëttelmier, Migratioun, Séinoutrettung, UNHCR
Next post Previous post