Search

You may also like

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt
International Neiegkeeten

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt

Feiert Dir Ouschteren? Ech sinn net gleeweg, fir mech ass

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!
International Neiegkeeten

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!

De Weekend iwwer war nees eppes méi lass an de

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!
International Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline

Bei enger Explosioun vun enger Bensinspipeline zu Mexiko, sinn op mannst 20 Persoune lieweg Verbrannt, Dosende sinn deels schwéier blesséiert ginn. De mexikanesche Sécherheetsminister Alfonso Durazo, huet den nationalen Noutstandscomité agesat.

Wéi de Büro vum Gouverneur vum Bundesstaat Hidalgo mat gedeelt huet, ass eng Bensinspipeline explodéiert an uschléissend a Flamen opgaangen. Engem éischte Bilan no, sinn heibäi 20 Mënsche verbrannt a 54 weider Persoune verletzt ginn. De Gouverneur, Omar Fayad, huet sech géintiwwer der Televisiounschaîne „ForoTV“ zum Virfall geäussert.

Esou hätten sech zum Zäitpunkt vun der Explosioun honnerte Mënschen am direkten Ëmfeld vun dëser Bensinspipeline opgehalen. De Minister fir ëffentlech Sécherheet, Alfonso Durazo, huet informéiert, datt ugesiichts dem Ëmfang vum Schued an de sëllechen Affer, entscheet ginn ass, datt den nationalen Noutstandscomité agesat muss ginn.

De Staatleche Pëtrolskonzern PEMEX huet den Autoritéiten seng Ënnerstëtzung ugebueden: „Eis Fachleit sinn am Asaz a stëmmen sech mat de Servicer, op Bundesniveau a mat de Gemengen of“. Zu den Ursaachen, déi de Virfall kënnen ausgeléist hunn, konnt sech säitens dem Konzern, esou kuerz no der Katastroph keen äusseren, eng Enquête ass ageleet ginn.

Wat gewosst ass: An der Stad Tlahuelilpan (50 Kilometer nërdlech vu Mexiko-City), hat sech un dëser Bensinspipeline e Leck gebilt. D‘Awunner hunn et virgezunn sech de Sprit deen hei ausgelaf ass, an Eemeren oder soss Behälter unzëeegnen, statt den Autoritéiten d‘Gefor ze mellen. Bei dëser Aktioun ass zur Explosioun komm. Wien de Fonke gezünt huet?

Op Videoopname war ze gesinn, wéi no der Explosioun, op der Plaz d‘Panik ausgebrach ass. Wien nach konnt huet sech verfuusst, mee esouvill Gléck war net jidderengem zoukomm. Haart jäizend sinn d‘Leit duerch d‘Géigend gelaf, un der Pipeline hunn d‘Flamen hir gliddeg Fangere géint der Himmel gestreckt an éischt Asazkräften hunn de Beräich ofgespaart.

Related topics Bensinspipeline, Hidalgo, Mexiko, Tlahuelilpan
Next post Previous post