Flamencospektakel an der Kufa: „Mi clave“ vum Manuel de la Luz

Samschdes, den 26. November 2021 um 19:00 Auer an der Kulturfabrik

Mat sengem Wierk „Mi clave“ huet de brillante Gittarist a Melodieschreiwer Manuel de la Luz de provisoreschen Héichpunkt vu sengem artistesche Schafen erreecht. A sengem zweeten Album mëscht hien all déi Flamenco-Stilrichtungen, déi de Schlëssel (clave) zu senger Musek weisen: Fandangos vum Alosno (als Hommage un de Paco Toronjo), Bulerías, Boleros, Alegrías, Rumbas, Soleás, Seguiriyas …

Ufanks war hie Schüler vum Niño Miguel, duerno vum Manolo Sanlúcar, huet du laangjäreg Erfarung als Begleeder vum Flamenco-Danz gesammelt (an éischter Linn mat der Cie Eva Yerbabuena a mam Ballet Flamenco de Andalucía), an dem Flamenco-Gesang (Carmen Linares, Miguel Poveda, Arcángel, Lole, Jeromo Segura asw).

Parallel dozou féiert hie seng erfollegräich Solo-Karriär als Concertsgittarist a produzéiert sech ëmmer nees am Duo mam Rafael Piqueni, deem hie „Mi clave“ widmet.

Den Ensembel Manuel de la Luz besteet aus dem Manuel de la Luz (Gittar), Olivia Molina (Gesang) Fran Roca (Gittar) a Paco Vega (Perkussioun). Organiséiert gëtt dëst Evenement vum Circulo Cultural Español Antonio Machado an der Kulturfabrik.

Weider Informatiounen an Tickete ginn et op www.kulturfabrik.lu.

Dernières nouvelles