Search

You may also like

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng
International Neiegkeeten

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng

Wéi de CGDIS matdeelt koum et gëschter am spéiden Owend

Positiv denken – e puer Tipps fir d’Gemitt
International Neiegkeeten

Positiv denken – e puer Tipps fir d’Gemitt

Ech maache mir Suergen, wann ech liesen, dass den SOS

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
International Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

Michael Bloomberg for President

77 järege gesäit sech als Trump-Nofolger a kënnegt offiziell seng Kandidatur un

Michael Bloomberg for President

Den Demokrat huet elo offiziell annoncéiert, datt hie sech als Kandidat géint den Donald Trump am Renne fir Presidence opgestallt huet. Säi Motto: „Ech bewerbe mech als President, fir den Donald Trump ze schloen an Amerika nees opzebauen“.

Seng Motivatioun: „Mir kënnen eis véier weider Joer vum President Trump sengem récksiichtlosen an onetheschem Handelen net leeschten“, esou de Michael Bloomberg, dee sech gutt virbereet huet an e verschiddene Bundesstaaten schonn déi noutwenneg Ënnerlagen, fir eng Participatioun un de Virwahlen, agereecht. Geld fir sech d‘Mandat ze gräifen, dat huet de 77 Erausfuerderer.

BloombergDe Michael Bloomberg, Grënner vun der Finanz- a Medienentreprise dat säin Numm dréit, ass ee vun de räichste Männer op der Welt. Hie kann am Wahlkampf géint den Donald Trump entschidde méi déif an d‘Täsch gräifen, woubäi den amtéierende President net gewëllt ass sech einfach esou geschloen ze ginn. Deen huet och scho virun Deeg op d‘Rumeure vun enger Kandidatur reagéiert.

„Dem klenge Michael feelt et un der néideger Magie fir d‘Wahlen an engem Joer ze gewannen. Hie wäert net gutt ofschneiden“, esou den Donald Trump. Datt et manner un der Magie, mee dofir méi um Geld geleeën ass, ob een eng Chance huet US-President ze ginn, dat ass allerdéngs Fakt an huet och wéineg mat Demokratie u sech ze dinn. A mam Bloomberg huet den Trump en zolitte Géigner.

BloombergEn kann nëmmen ee ginn

Elo ass et awer och esou, datt et am demokratesche Lager net u Kandidate – déi schonn zanter ee puer Méint am Wahlkampfmodus sinn – feelt firwat sech de Michael Bloomberg an de Virwahlen, an deenen d‘Demokraten endgülteg bestëmmen, sech emol géint eng 20 Matstreider duerchsetze muss. Dës Virwahle vun den Demokrate fänken am Februar 2020 am Bundesstaat Iowa un.

Dem Michael Bloomberg seng direkt Konkurrenten an der demokratescher Partei sinn déi – als lénk verkläert – Senateuren Elizabeth Warren an Bernie Sanders. Déi hu sech dann och schonn emol a Stellung bruecht. Si leien den ament wuel nach an de Sondage un der Spëtzt, mee hir Attacke géint déi superräich, zu deenen och de Bloomberg ze zielen ass, kommen net iwwerall gutt un.

BloombergWoubäi de Bernie Sanders, deen der Meenung ass, datt een d‘Wahl net kafe kann, zwar eng reell Optioun fir d‘Amerikaner wier, faktesch awer keng Chancen huet. De 77 järege Milliardär gëtt als moderat a säin direkte Konkurrent ass den Joe Biden, dee wuel nach vir läit awer vun den eegene Leit lues awer sécher iwwerholl gëtt. Et wäert also zum „Kampf vun de Milliardäre“ kommen.

mat indymedia/nyc

Foto: Huet de fréiere Buergermeeschter vun New York a Milliardär, Michael Bloomberg, genuch Geld fir US-President ze ginn?

Related topics Donald Trump, Michael Bloomberg, Presidentschaftswahl 2020, USA
Next post Previous post