Search

You may also like

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier
Auto Neiegkeeten Sport

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

D‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel eng Missioun beschloss, fir de

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade
Auto Neiegkeeten Sport

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade

Tëscht dem 6. an 19. Mee 2019 luet Fairtrade Lëtzebuerg

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen
Auto Neiegkeeten Sport

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen

Wann déi venezuelanesch Oppositioun d‘Hoffnung hat, d‘Arméi iwwerzeegt ze kréien

Viru 25 Joer huet de Michael Schumacher déi éischte Kéier mat Ferrari gewonnen

Viru 25 Joer huet de Michael Schumacher déi éischte Kéier mat Ferrari gewonnen

No zwee Weltmeeschtertitele mam Team Benetton huet de Michael Schumacher sech der Erausfuerderung Ferrari gestallt. Et war eng Ekipp, déi no e puer schlechte Joren erëm zu neier Form fanne wollt. Den éischten Akt vun dësem Plang huet den 2. Juni 1996 op der Rennstreck vu Barcelona stattfonnt.

Am Ufank vun dëser Weltmeeschterschaft vun der Saison 1996 sinn déi grouss Favoritten a Piloten de Williams-Renault Pilot Damon Hill a säin Teamkolleg, den neie Pilot Jacques Villeneuve, deen séier schnell ginn ass. Dat britescht Team huet déi fënnef éischt Coursen dominéiert – mat véier Victoiren an enger fir de Jacques Villeneuve um Nürburgring.

Beim Grand Prix vu Spuenien huet et anescht ausgesinn, d’Victoire ass net an d’Hänn vum Frank Williams a senge Männer gefall – den Olivier Panis aus enger franséischer Equipp huet d’Course gewonnen. An d’Qualifikatiounen um Circuit vu Barcelona hunn och keng Ëmwandlunge suggeréiert. Den Damon Hill huet d’Pole Positioun virum Jacques Villeneuve geholl, wärend de Michael Schumacher mat der drëtter Plaz zefridde war. Knapps eng Sekonn virun der Pole Positioun.

Eng naass Geschicht

15 Deeg no Monaco ass de Reen do, fir d’Saison e bëssen opzepeppen. An et huet nawell aus Eemere geschott. A grad dofir wäert de Michael Schumacher eng aggressiv Strategie probéieren – mat wéineg Bensin um Start – an dat fir Williams auszespillen. Allerdéngs geet dat net duer, de Kaiser fält op déi 9. Plaz zeréck.

An der nächster Ronn ännert sech alles, hien iwwerhëlt de Johnny Herbert, Olivier Panis an de Rubens Barrichello. Den Eddie Irvine an den Damon Hill si vun der Streck ofkomm, esou huet den däitsche Pilot zwou weider Plaze gewonnen. Kuerz dono sinn de Gerhard Berger, de Jean Alesi an de Jacques Villeneuve Affer vum Michael Schumacher senger Meeschterleeschtung ginn. An der 12. Ronn huet de Ferraripilot sech a Féierung fonnt, hien huet kee méi laanscht gelooss – bis zu der 65. a leschter Ronn.

Hien war véier Sekonne pro Ronn méi séier wéi seng Konkurrenten, domat huet de Michael Schumacher den 2. Juni 1996 gewise wat an him stécht. Dëse Barcelona Triumph huet säi Genie bestätegt.

Just de Jean Alesi an de Jacques Villeneuve sinn an där selwechter Ronn duerch d’Ziel gefuer. Dat war déi éischt vun 72 Victoiren, déi de Schumi fir Ferrari gefuer ass.

Wat fir eng Leeschtung! Allerdéngs huet d’Team a säi beschte Pilot dono véier Joer misse waarden, fir den Titel zréck op Maranello ze bréngen.

Mee dat ass eng ganz aner Geschicht …

Opmaacherbild: © Ryosuke Yagi (CC BY 2.0)

Related topics Barcelona, Benetton, Ferrari, Jacques Villeneuve, Jean Alesi, Michael Schumacher, Schumi, Weltmeeschtertitel
Next post Previous post