Search

You may also like

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

No Regierungsrot: Alles bleift wéi et ass
Kultur Neiegkeeten

No Regierungsrot: Alles bleift wéi et ass

Nodeems de Regierungsrot gëschter déi national, europäesch an international politesch

Ee Plang fir d’Welt ze retten
Kultur Neiegkeeten

Ee Plang fir d’Welt ze retten

No diverse Verzögerungen huet déi Europäesch Kommissioun gëschter hir mat

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur

Um Méindeg gouf am klenge Krees zu Miersch de neie Programm vun der Saison 2017/18 virgestallt. D‘Direktesch Karin Kremer an hir Equippe hunn e faarwegen Iwwerbléck ginn. D‘Kulturhaus mécht sech vill Méi, déi sëllech Proposen engem breede Public zougänglech ze maachen.

D‘Offer ass dann och héich interessant, deckt all Sparten of, vu Musek iwwert Danz bis Theater ass alles derbäi. Och véier Ausstellungen dierfte Konschtfrënn begeeschteren. Nieft Propose fir déi ganz kleng bis zu den „ganz“ Erwuessenen gëtt et och nach Ateliere. Wéi gewinnt stinn och erëm Kooperatiounen un. Dat engersäits am Beräich vun der Produktioun mee ganz besonnesch um Niveau vun der Schoul.

Oppe fir jiddereen

Schonn zanter elo ee puer Joer – d‘Konventioun mam Ministère datéiert vun 2014 – gëtt sech beméit ënnert dem Slogan “Bock op Konscht”, d‘Kultur allen zougänglech ze maachen. Am Fokus sti beim Kulturhaus d‘Schüler déi am „Modulaire“ op d‘Liewe virbereet ginn. Kanner aus net bevirdeelegte Familljen kréien d‘Méiglechkeet eege Projeten op d‘Been ze stellen. Heibäi gi sou vun erfuerene Kënschtler begleet a kënnen zu gudder Läscht viru Public optrieden.

Zwee besonnesch Kënschtler stinn dofir bereet. Dat ass engersäits d‘Dänzerin Jill Crovisier, déi nieft engem Danz-Atelier e Video-Workshop virgesinn huet. A béide Fäll ass nieft dem kreativen Aspekt, och dee sozialen Zesummenhalt eng ganz wichteg Komponent, där sech d‘Schüler mussen unhuelen.

Mam Sven Kieffer, dee gläichzäiteg fir zwee Joer seng „Residenz“ am Kulturhaus haus wäert hunn, kréien d‘Schüler d‘Geleeënheet en Instrument ze bauen an domadder dann och richteg ze spillen. De Clou bei dësem Projet, et gëtt keng Hëllefsmëttel oder Geschir, just ee Bausaz aus robustem Kartrong. Och hei steet d‘Team-Aarbecht am Mëttelpunkt an erauskomme sollt ee ganz ongewéinleche Concert.

Den Hip-Hop Marathon geet a säin aacht Joer a bitt de Schüler aus dem Preparatoire d‘Méiglechkeet sech am Danz, mee och duerch Graffiti‘en auszedrécken. De Projet geet realiséiert vun „les Rotondes“ mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère am Partenariat mat der Kulturfabrik an den deelhuelende Lycéeën.

Eppes fir de jonke Public

Mat „Culture Up!“ engem Programme fir ee Public tëscht 12 a 19 Joer, deen an Zesummenaarbecht mam Kinneksbond (Mamer) realiséiert gëtt, bleiwe mer beim edukative Volet. Hei kréien nieft der Offer vun deenen d‘Schüler solle profitéieren, och d‘Enseignante Hëllef fir Kultur ze gestalten.

Déi hunn esou d‘Méiglechkeet ee Basiswësse gebueden ze kréien an och een Abléck, am Kader vun de Méiglechkeete, op d‘Preparatiounsaarbechten ze werfen. Et ass och méiglech mat de Schoulen ee spezifesche Programm opzebauen. E Bléck op dëse Programm lount sech jiddefalls.

Als „coup de Coeur“ wëlle mer op dëser Plaz op „Oh du do uewen, deem seng Hand“ ee véier Eenakter vun Ian de Toffoli, Olivier Garofalo, Nico Helminger a Jeff Schinker hiweisen. Produzéiert vum Kasemattentheater als Koproduktioun mam Escher Theater, dem Kinneksbond, dem Kulturhaus an dem nationale Literaturzenter, kuckt een hei op d‘Roll vun den Heldegeschichten an der Gesellschaft.

Op d‘Fangere gekuckt

Kultur ass fir jiddereen an dat ass och gutt esou. Wie schlecht oder net gutt héiert an op d‘Gebäerdesprooch ugewisen ass, huet et sécherlech net liicht an enger Gesellschaft déi schnell funktionéiert. Net esou an der Kultur an zu Miersch ass hinnen een Uleies deem, esou ze soen „paroli“ ze bidden.

Mat „BABEL: ee Wuert, een Zeechen“ gi kënschtleresch Projete mat Gebäerdesprooch begleet. A Partnerschaft mat „Solidarität für Höhrgeschädigte asbl“, dem nationale Literaturzenter, dem Kasemattentheater an der Schungfabrik Käl gëtt hei barrierefräi Konscht gebueden. Liesungen, Theater an ee Concert sinn ee Programm dee sech „kucke“ léisst.

De „Kannerprogramm“ CAKU huet fir déi nei Saison eng Offer fir d‘Butzen, déi ee sech net sollt entgoe loossen. Villes dovunner ass den Ëmwee bis Miersch wäert. Ervirhiewe wëlle mer – obwuel ee se all sollt kucke goen – vum Ensemble Theater Zitadelle „Das tapfere Schneiderlein“. Geduecht fir ee Public tëscht 7 an 10 Joer, sollten och Enseignante mat Zäite kucken op et net nach eng Plaz fir d‘Schoulvirstellunge gëtt.

Wien dee ganze Programm wëll am Detail kucken an sech och soss iwwert d‘Mierscher Kulturhaus wëll informéiere, dee sollt elo op de folgende Link drécken: http://www.kulturhaus.lu

Foto: D‘Equipp aus dem Mierscher Kulturhaus, léif, lëschteg an engagéiert waart si just nach op iech. Hei gitt der ënnerhalen, Eleng, als Koppel, mee natierlech och der ganzer Famill. (© Indymedia-Lëtzebuerg)

Related topics Kultur, Miersch, Mierscher Kulturhaus
Next post Previous post