Search

You may also like

money
Bëtongsgold: Héichsaison fir Spekulanten
Neiegkeeten

Bëtongsgold: Héichsaison fir Spekulanten

Wärend all puer Wochen d‘Leit op d‘Strooss ginn, fir abordabel

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter
Neiegkeeten

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter

Aurora Borealis – esou ginn déi wonnerschéi faarweg Liichter um

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik
Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 498 Joer erreecht de Magellan de Pazifik

Um 28. November 1520 kënnt de portugiseschen Entdecker, zesumme mat

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg

De Minister Kox trëfft op d’Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg

E Mëttwoch huet de Logementsminister Henri Kox sech mat de Representante vun der Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl zesummegesat, fir e konstruktiivt Gespréich getraff. „Et ass wichteg, datt d’Rechter vun de Locatairen weider verdeedegt ginn“, sou de Minister.

Eréischt viru kuerzem ass déi éischt Associatioun gegrënnt ginn, déi d’Zil verfollegt fir d’Rechter vun de Lëtzebuerger Locataire ze schützen. Um private Maart steet deejéinegen, deen eng Wunneng sicht, nämlech viru groussen Erausfuerderungen a schwierege Situatiounen.

Esou huet de Minister Kox déi aktuell Reformen ervirgehuewen, déi d’Locataire besser ënnerstëtzen a schütze sollen. Heirënner fält beispillsweis d’Reform vum Mietvertrag, sou datt d’Kolocatioun am Gesetz agefouert gëtt an esou op déi steigend Nofro u gedeeltem Wunnraum äntwert. Nieft dëser neier Méiglechkeet vum Zesummeliewen stoung och d’Kohabitatioun – also d’Loune vun individuellen Zëmmeren – am Fokus. Gesetzlech soll e besseren Encadrement gebuede ginn.

Ma, den Henri Kox ass nach drop agaangen, datt de Ministère fir Logement en ambitiéise Programm verfollege géif, fir esou der Demande un ëffentlechem, nohaltegem a virun allem bezuelbarem Wunnraum gerecht ze ginn. „Aktuell ginn 3.600 bezuelbar Behausunge realiséiert“, erkläert de Minister.

Muer fënnt iwwregens um 14:00 Auer eng Manifestatioun fir besseren Accès op bezuelbare Wunnraum statt. Depart ass um Glacis, Arrivé beim Hôtel des Postes.

Mieterschutz

Opmaacherbild: © MLog

Related topics ambitiéise Programm, Bezuelbare Wunnraum, Henri Kox, Logement, Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl, Rechter, Wunngemeinschaft, Wunnraum
Next post Previous post