Search

You may also like

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond
International Neiegkeeten

Eng nei Sensibiliséierungs-Campagne vum Verkéiersbond

Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de

D‘Police kritt een deontologesche Kodex
International Neiegkeeten

D‘Police kritt een deontologesche Kodex

Den „neien“ deontologesche Kodex fir d‘Police ass op der Basis

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020
International Neiegkeeten

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an d’Hollerecher Strooss, duerch Kranaarbechten,

Guatemala: Migrantekarawann gëtt gestoppt

Guatemala: Migrantekarawann gëtt gestoppt

Déi riseg Migrantekarawann aus dem Honduras, wou sech eng 9.000 Leit zesummegedoen hunn fir der Gewalt an der Aarmut ze entfléien, ass vun de Sécherheetskräften, Police an der Arméi ugehale ginn. Nieft Tréinegas, ass och geziilte Gewalt agesat sinn, fir d‘Leit un der Weiderrees ze hënneren.

D‘Regierung vum Guatemala, déi mat den USA en „Deal“ huet kann net zouloossen, déi dausende Flüchtlingen aus dem Honduras fräi bis zur mexikanescher Grenz passéieren ze loossen, an huet och generell wéineg fir d‘Hongerleider aus dem Nopeschland iwwreg. De Jordan Rodas Andrade, Mënscherechtsbeoptraagte vum Guatemala, huet bestätegt datt et zu Iwwergrëff soll komm sinn.

Migrantekarawann

Unhand ville Biller aus de sozialen Netzwierker, wéi méi spéit dann och vun der Staatstëlee, ass ze erkenne wéi sech dausende Migranten an der guatemaltekescher Vado Hondo versammelt hunn a versichen d‘Ofspärungen ze duerchbriechen. Déi opgestallte Polizisten an Zaldoten hu gebrauch vun de Knëppele gemaach an och masseg Tréinegas agesat, fir d‘Massen zréckzedrängen.

Op der Plaz waren och Observateure vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR. Déi bestätegen, datt bei den Ausenanersetzunge Migranten an Zaldote blesséiert goufen. Laut den guatemaltekeschen, fir d‘Migratioun zoustänneg Autoritéiten, sollen eng 1.300 Flüchtlingen esou zum Ëmdréine beweegt gi sinn. Wie sollt duerchkomm sinn, muss dann nach déi mexikanesch Grenz erreechen, déi elo och stramm bewaacht gëtt. Déi meescht hoffen trotzdeem sech bis zu den USA duerchzeschloen.

mat indymedia/ccs

Foto: Déi guatemaltekesch Autoritéite kënnen net einfach emol esou „mir näischt, dir näischt“, dausende Migranten aus dem Honduras a Richtung USA zéie loossen. Et huet Verträg mat de Vereenegte Staaten, a Sträit mat Mexiko wëll ee wéinst den Hongerleider och kee vum Zonk briechen. © Belize Politics

Related topics Aarmut, Flüchtlingen, Gewalt, Guatemala, Honduras, Migranten, Südamerika
Next post Previous post