Search

You may also like

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg
Neiegkeeten

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg

Gutt elo direkt vun enger Iwwerraschung ze schwätze wier dees

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler
Neiegkeeten

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler

Zu Luerenzweiler entsteet grad den éischten „écohabitat senior“. Hei kënnen

Editorial: Konkurrenz an Egoismus
Neiegkeeten

Editorial: Konkurrenz an Egoismus

Eigentlech war den EU-Finanzsommet op zwee Deeg festgeluecht ginn, mee

Migratioun bestoen – ASTI bréngt neit Material fir Immigranten eraus

Migratioun bestoen – ASTI bréngt neit Material fir Immigranten eraus

D’Associatioun fir d’Ënnerstëtzung vun immigréierten Aarbechtskräfte (ASTI) ass dofir bekannt, Informatiounsbroschüren iwwert d’Integratioun zu Lëtzebuerg a ville verschiddene Sproochen eraus ze bréngen. Duerch Diversifikatioun vun eiser Populatioun ginn et elo puer Neierungen.

Et ginn Neioploe vun der Broschür „Bienvenue au Luxembourg: Informations sur le séjour et l’intégration des personnes s’exprimant en BCMS (serbo-croate)“ Doniewent gëtt elo déi selwecht Broschür och fir Leit, déi russesch schwätzen, ugebueden.

Ziel ass et, sech besser an eise Gesetzer an, an der Lëtzebuerger Administratioun erëmzefannen. D’Informatiounsbroschür gëtt eng einfach Iwwersiicht iwwert d’Legislatioun fir Immigranten a schneit essentiell Themen, wei beispillsweis wichteg Adressen an nëtzlech Linken zu all Thema un.

asti

D’Publikatioun gouf am Kader vum Projet „Réussir sa migration“ realiséiert a gëtt vum Office Luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration (OLAI), vum Integratiounsministère an de Fonds „Asile, Migration et Intégration“ (AMIF) finanzéiert.

D’Broschüre sinn gratis um Site vun ASTI www.asti.lu erofzelueden oder kënnen am Sekretariat ënnert ranjit.neuman@asti.lu oder der Nummer 43 83 33 1 bestallt ginn.

Related topics ASTI, Immigratioun, Informatiounsbroschür, Russesch
Next post Previous post