Search

You may also like

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen
International Neiegkeeten

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen

Opgrond der Ugekënnegter Schléissung vun 11 Filiale vun der Staatsbank-

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021
International Neiegkeeten

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021

Am Kampf géint de Covid-19 bleift den Teletravail fir Residenten

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)
International Neiegkeeten

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)

Vum Samschdeg, den 23. Mee bis Méindes, de 25. Mee

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

D’Europäer hunn hire Sträit am Dossier „Migratioun“ net bäigeluecht kritt. Et ass um Freideg zu Bréissel leedeglech zu engem schmäerzvollen Accord komm, deen zu allem Iwwerfloss méi Froen opwërft wéi Äntwerte liwwert. Kee weess wéi den Accord soll ëmgesat ginn, an d’ONGen hunn sech och net mat der Kritik zréckgehalen.

Et war eng nei dramatesch Situatioun um Freideg, déi an Erënnerung geruff huet, wéi eng mënschlech Tragedien sech hannert den diplomateschen Ausenanersetzunge verstoppen: dräi Bëbeeën si verstuerwen an eng honnert Leit gi vermësst, nodeems e Schlauchboot virun der libescher Küst ënnergaangen ass.

An awer sinn et déi mëtteleuropäesch Länner – déi wou sech am heftegste géint d’Ophuele vu Migrante wieren – wou haart „Victoire“ gejaut hunn, well et am Kompromëss vun den „28“ keng Obligatioun gëtt Migranten an d’Land ze loossen. E Kompromëss, deen Italien versprach hat ze blockéieren, sollt et keng Engagementer a Punkto „Solidaritéit“ ginn.

Italien begréisst de Kompromëss

„Italien ass net méi eleng“, huet sech den italienesche President, Giuseppe Conte, gefreet, nodeems d’Conclusioune vum Sommet eestëmmeg (awer no néng Stonnen zéi Verhandlungen) ugeholl ginn ass.

De franséische President Emmanuel Macron gesäit kee Grond zur Freed: „Et ass en Accord op deem opgebaut ka ginn. E léisst a kéngster Weis d’Kris déi mir grad erliewen“. An och déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet missen zougestoen, datt d’Europäer „nach net um Enn vun hire Suerge sinn“.

Eng Meenung déi esou och vum EU-Rotspresident Donald Tusk gedeelt gëtt: „Et ass nach vill ze fréi fir vun engem Erfolleg ze schwätzen“. De politeschen Accord „war den einfachsten Deel vun der Aufgab, am Verglach zu deem wat ei um Terrain erwaart, wa mir ufänken d’Propositioune vun dësem ëmzesetzen“.

Eng nei „Approche“?

Zu der ganzer Opreegung beim Sommet, kënnt nach derbäi, datt den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, annoncéiert huet, datt déi italienesch Häfen de ganze Summer iwwer, fir d’ONGen déi am Mëttelmier aktiv sinn, gespaart bleiwen. Dat illustréiert en Deel vun de Schwieregkeeten, mat deenen den Accord muss eens ginn.

Den Accord gesäit ënnert anerem vir, eng „nei Approche“ ze ënnersichen, déi elo schonn als „Kontrovers“ denoncéiert gëtt. Dat well et hei ëm d’Schafe vun Opname-Plattforme geet, wou d’Migranten – ausserhalb der EU – solle vun enger geféierlecher Iwwerfaart ofgehale ginn. Déi 28 hunn dann och d’ONGen opgeruff „d’Aarbecht vun der libescher Küstewaach net ze behënneren“.

„Déi eenzeg Komponenten op déi sech déi europäesch Länner schénge gëeenegt ze hunn sinn, engersäits: d’Blockéiere vun de Leit un den Dieren zu Europa (…) an anersäits: d’Verdäiwelung vun den ONGen déi Rettungsmoossnamen um Mier duerchféieren“, esou de Fazit vum Karline Kleijer, vun der ONG „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF).

Op fräiwëlleger Basis…

Fir d’Migranten déi an „europäesche Gewässer“ gerett ginn, gëtt am Text virgeschloen, datt si a „kontrolléiert Zentre“ kommen – an net a geschlosse Strukturen, wéi dat vu Frankräich gefuerdert ginn ass – déi d’Memberlänner op „fräiwëlleger Basis“ ariichten. Hei sollen dann déi „legitim“ Asyl-Demandeuren auszortéiert, an uechtert der EU verdeelt ginn. Dat och op „fräiwëlleger Basis“.

„Et ass kloer, datt d’Relokalisatioun vun de Migranten sech net ouni Zoustëmmung vun de betraffene Länner maache léisst“, begréisst den ungaresche Premierminister, Viktor Orban, de Kompromëss a betount: „Ungarn bleift en ungarescht Land a gëtt kee Land vu Migranten“. Säi polneschen Homolog, Mateusz Morawiecki, gesäit dat genee esou.

Stellt sech elo awer d’Fro vun dëse „kontrolléierten Zentren“ déi am Kompromëss erwähnt goufen. „Länner hunn hir Disponibilitéit ugekënnegt, net Italien“, erënnert den Giuseppe Conte, nodeems den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz, och esou Zentren an Éisträich ausgeschloss huet. Och Frankräich, esou de Macron: (…) mécht keng esou Zentren op“.

Migranten um weiderreesen hënneren

Am Accord ginn d’Memberlänner och dozou ugehalen, „all Moossnamen ze ergräifen“ fir ze verhënneren, datt d’Migranten eegewëlleg an der EU reesen. Dës, als „sekundär Bewegung“ bezeechent Migratioun, stellt e grousse Problem duer. Heivunner besonnesch betraff: Däitschland. Dat huet dann och schonn zu enger Regierungskris bei eisen Nopere gefouert.

„Griicheland a Spuenien si bereet déi Asyl-Demandeuren zréckzehuelen, déi an Zukunft op der däitsch-éisträichescher Grenz vum däitsche Grenzschutz ugehale ginn, wann déi schonn an engem vun dëse Länner registréiert gi sinn“, esou déi däitscher Regierung. D’Angela Merkel hat dës Form vu bilateralen Accorde versprach, fir datt den Inneminister Horst Seehofer dovunner ofgesäit, all Migrant op der Grenz zréckzeweisen, dee schonn an engem anere Land registréiert ginn ass.

D’Staatscheffe vun der EU hunn dann och unerkannt, datt si bei der globaler Reform vum europäeschen Asyl-Regime versot hunn. Eigentlech sollt awer grad dëse Sommet, zu Fortschrëtter bäidroen. Elo fuerdert den Accord vun den 28 „e Konsens beim Dublin-Ofkommes“ ze fannen, mee en Delai ass net festgeluecht ginn.

Am Krisefall „Dublin“ aussetzen

Aktuell gesäit et déi europäesch Legislatioun esou, datt d’Länner wou d’Migranten als éischt ukommen (meeschtens Griicheland an Italien) och d’Verantwortung dofir hunn, d’Leit ze registréieren, ergo opzehuelen. Dorausser huet sech eng disproportionéiert Belaaschtung fir déi betraffe Länner erginn, wat zu drastesche Mesuren an Italien gefouert huet.

D’EU-Kommissioun schléit vir zukünfteg a Krisenzäiten, d’Dublin-Ofkommes auszesetzen, an d’Migrante scho bei hirer Arrivée an Europa ze verdeelen. Dat entsprécht net der Positioun vun Ungarn oder Polen, déi heiranner vun Éisträich ënnerstëtzt ginn. Italien fuerdert eng permanent Regelung an d’Sträiche vum Verantwortungsprinzip fir d’Länner wou d’Migranten ukommen.

Alles Verhandlungen déi bei dësem EU-Sommet hätten zum Ofschloss bruecht ginn. Esou bleift de Wee laang a beschwéierlech, wéi et vum schwedesche Premierminister, Stefan Löfven, bedauert gëtt. „Et ass den Haaptproblem dee vun der EU muss behandelt ginn“, esou de Stefan Löfven.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Den EU-Rotspresident Donald Tusk (l) am „Gespréich“ mam schwedesche Premierminister Stefan Löfven. Si sinn allebéid zwar frou, datt et nach zu engem Accord bei dësem Sommet komm ass, sinn sech awer bewosst, datt deen net zefriddestellend ass. D’Problemer sinn domatter net geléist ginn. © Ludovic Marin/AFP

Related topics Angela Merkel, Donald Tusk, EU-Sommet, Giuseppe Conte, Migratioun, Sebastian Kurz
Next post Previous post