Search

You may also like

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht
International Neiegkeeten

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht

An Dänemark wëll d’Regierung elo iwwer 15 Milliounen Näerzer un

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall
International Neiegkeeten

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall

Am Mee haten d‘Philippinnen „de Stecker gezunn“ an no engem

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
International Neiegkeeten

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Migratiounsgrond Äerderwiermung

D‘Weltbank erwaart sech bis zu 200 Millioune Klimaflüchtlingen… an dat bis 2050

Migratiounsgrond Äerderwiermung

Wann een den Etüde vu der Weltbank gleewen dierf, da géif de Klimawandel bannent den nächsten dräi Joerzéngte bis zu 200 Millioune Mënschen aus hirer Heemecht verdreiwen. Déi kéimen dann nach zu de sëllege Millioune vu Krichsflüchtlingen derbäi.

Dat eenzegt Mëttel esou eng Vëlkerwanderung ze verhënneren: et mussen elo direkt Mesuren zur Emissiounsreduzéierung ergraff ginn. Am neiste Bericht vun der Weltbank heescht et, datt de Klimawandel ee staarke Motor vun der Migratioun wier. Ënnert anerem gëtt op eng réckleefeg landwirtschaftlech Produktioun, de Waassermangel an d‘Schmelze vun de Polkappen higewisen.

Et goufen dann och Simulatioune gemaach, déi jee no Ausleeung emol méi, emol manner Impakt opweisen, sech an den effektiven Zuelen awer no sinn. Interessant doriwwer eraus, datt d‘Weltbank-Experten dovunner ausginn, datt an de sechs ënnersichte Regiounen, bis zu 216 Millioune Mënsche bannent hire Länner migréiere missten. Dat géif bedeiten, dat d‘Leit net bei eis komme sollten?

Am Kontext vun dëse Studien, gouf sech de folgende Regiounen ugeholl: Afrika (südlech vun der Sahara), Nordafrika, Südasien, Ostasien, Zentralasien, d‘Pazifikstaaten, Osteuropa a Latäinamerika. An hei stellt sech d‘Fro, firwat sollten déi Leit nëmme bannent hire Länner migréieren, wou se elo scho virun Aarmut a repressive Regime flüchten? Sécher, all wäerten net de laange Wee packen…

Déi eigentlech Message hei: de Bericht verdäitlecht wat eis de Klimawandel kaschte wäert, woubäi wann et finanziell ze léise wier… Bezunn op déi ënnersichte Regiounen ass ze bemierken, dat et grad an den äermste Länner vun der Welt wäert zu Migratiounstréim kommen. Also do wou och den Terror (egal ob vu Rebellen, islamesche Fanatiker oder de Regierunge selwer ausgeüübt) wiisst.

mat indymedia/was

Illustratioun: © Abdulaziz Mohammed / unsplash

Annex:

Related topics Äerderwiermung, Etüden, Klimaflüchtling, Klimawandel, Migratioun, Weltbank
Next post Previous post