Search

You may also like

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis
Kultur Neiegkeeten

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Rakéitenugrëff op d‘US-Basis zu Tadschi (onwäit vu Bagdad)

Am Schleidergang
Kultur Neiegkeeten

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

dislikesurprise
De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen
Kultur Neiegkeeten

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Mëttwoch ugekënnegt,

Miguel de Cervantes: Hien huet den Don Quijotte op d’Rees geschéckt!

Miguel de Cervantes: Hien huet den Don Quijotte op d’Rees geschéckt!

D’Aktiounswoch ulässlech dem Weltdag vum Buch an den Auteursrechter rullt nach ëmmer. Den Datum vum eigentleche literaresche Feierdag, dee jo um 23. Abrëll all Joer stattfënnt, ass dobäi net zoufälleg gewielt: Et ass den Doudesdag vum Miguel de Cervantes! Dem groussaartege spuenesche Schrëftsteller huet de Ritter Don Quijotte et ze verdanken, datt hien d’Wandmille bekämpfen duerft.

De Miguel ass um 9. Oktober 1547 als véiert vu siwe Kanner an der Famill de Cervantes an der Géigend vu Madrid op d’Welt komm. Scho fréi huet hie sech dem Zaldoteliewen higezu gefillt, wat och spéider a senge Wierker siichtbar ginn ass. Nom Theologie-Studium an e puer Schlängkeren lénks a riets ass hie schliisslech bei der spuenescher Marinn gelant. Als Matrous huet hien un der Schluecht vu Lepanto deelgeholl.

Bei enger Attack am Krich verléiert hie seng lénks Hand, wouduerch en dunn och de Spëtznumm „Den Eenhändege vu Lepanto“ kritt huet. Sengem Trupp ass hien, trotz dësem Verloscht nach eng Zäit trei bliwwen.

Cervantes

Et hëllt een un, datt de Miguel de Cervantes esou ausgesinn huet. Eng Sécherheet dofir, gëtt et allerdéngs net. Riets ze gesinn ass een Deel vum Cervantes-Denkmal zu Madrid (© Carlos Delgado – CC BY-SA 3.0)

Fir den de Cervantes goung et spannend weider. Am Juni 1575 ass hie vun algeresche Piraten als Sklav verschleeft ginn, vu wou aus hien eréischt no dräi Versich flüchte konnt. Zeréck a Spuenien gouf et fir hie just ee Wee, dat Erlieften ze verschaffen: d’Theaterstéck Los tratos de Argel entsteet. Kuerz drop wollt hie sech als Schrëftsteller beweisen an huet Der Galatea Éischten Deel ( La primera parte de la Galatea, 1584) erausbruecht.

Mam Erfolleg koum och d’Léift. Schnell koum et zum Bestietnis mam 18 Joer méi jonke Catalina de Salazar y Palacios. Mat him si keng Kanner entstanen, wat ee vu senger Affär mat der Schauspillerin Ana Franca de Rojas net behaapte konnt.

Friem goen an dann och nach eng Duechter mat dëser Fra kréien? Dat konnt net gutt goen an esou huet seng Fra de Schrëftsteller verlooss.

Zeréck am Prisong – hien hat nämlech a sengem Beruff als Steierandreiwer hei an do Suen ganz onopfälleg opfälleg zeréckbehalen – entsteet säi bekanntste Wierk. Am Joer 1605 konnt de Roman Don Quijote verëffentlecht ginn. Ma, ee Joerzéngt drop koum dunn den zweeten Deel.

Déi éischt Oplo vum éischten an zweeten Deel vun Don Quijotte © Miguelazo84 (CC BY-SA 4.0)

De Succès huet schonn deemools net laang op sech waarde gelooss, wouduerch den de Cervantes Glanz a Gloria ëm seng eege Perséinlechkeet gewanne konnt. Mat de Suen hat hien et awer net esou, wouduerch den talentéierte Kärel als aarme Mann um 23. Abrëll 1616 zu Madrid gestuerwen ass.

Cervantes


Dësen Artikel ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Opmaacherbild: © Gordito1869 (CC BY 3.0)

Related topics Biografie, Don Quichotte, Don Quijotte, Doudesdag, Liewenslaf, Miguel de Cervantes, Piraten, Schrëftsteller, Wandmillen, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter, William Shakespeare, Zaldot
Next post Previous post