Search

You may also like

Dat digitaalt COSL Spillfest 2021 weist Succès
International Neiegkeeten

Dat digitaalt COSL Spillfest 2021 weist Succès

Nodeems déi 39. Editioun vum „COSL Spillfest – Sport a

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder
International Neiegkeeten

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder

De Baussen-an Europaminister Jean Asselborn weist sech erliichtert iwwert déi

D’Stader Buergermeeschtesch op Besuch am Bambësch
International Neiegkeeten

D’Stader Buergermeeschtesch op Besuch am Bambësch

En Donneschdeg 12. August hunn d’Buergermeeschtesch vun der Stad an

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland

US-Ausseminister net erfreet datt Gibraltar den iranesche Supertanker Grace1 fräiginn huet

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland

Den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet sech gëschter zolidd geiergert. Grond dofir ass d‘Entscheedung vun de briteschen Autoritéiten zu Gibraltar, deen de 4. Juli festgesaten iranesche Supertanker Grace1 nees fräizeginn. Hie fënnt de Gedanken, datt d‘Revolutiounsgarden sech mat der Ladung d‘Täsche voller Geld stoppe kënnen, esou guer net gutt.

Leschte Freideg huet dann och en US-Bundesgeriicht d‘Beschlagnahm vum Supertanker verfüügt. Domm allerdéngs, datt keen Dierwiechter am Hafe vu Gibraltar d‘Uerteel vollstrecke konnt. An esou ergëtt et sech, datt dat iranescht Schëff séileroueg seng Faart nees ophuele konnt. D‘Schëff, dat elo Darya1 heescht, ass zënter dem Sonndeg ënnerwee a Richtung Kalamata (Griicheland).

Pompeo

An de Griichen hunn d‘Amerikaner eng „däitlech Positioun“ vermëttelt. Esou den diplomateschen Ausdrock fir: „en Uerder stellt keng Diskussiounsbasis duer“. Mat anere Wierder, d‘Griiche sollte keng ustalte maachen de Supertanker ze ënnerstëtzen. Mee nodeems d‘Briten den USA schonn hu misse matdeelen, datt US-Sanktioune géint den Iran an der EU net ugewannt kënne ginn…

mat indymedia/was/ath

Related topics Darya1, Gibraltar, Iran, Kalamata, Mike Pompeo, Revolutiounsgarden, Supertanker Grace1
Next post Previous post