Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker
Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an
Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an
Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef
Déi prorussesch Rebellen am Oste vun der Ukrain schéngen d‘Fréijoer ze spieren an fänken nees un d‘Muskele spillen ze loossen. Moskau ass dësen éischter frëndlech gesënnt. Iwwer Ouschteren huet et dann och eppes „Bewegung“ am Grenzberäich ginn. Déi ukrainesch Regierung ass beonrouegt an esou och d‘EU-Kommissioun. Vun der NATO dogéint, bis ewell kee Mucks…
Wat et domadder – also den „Truppebeweegungen“ – op sech huet, kann zur Stonn net wierklech als Aggressioun verstane ginn, mee den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell Fontelles, huet et de lescht Méint keng gutt Figur gemaach, sech aussepolitesch éischter blaméiert a brauch dréngend nees eppes Opwand. Zudeem steet him säi Moskau-Besuch nach hanne queesch…
Mat dësen Truppebeweegungen, klëmmt natierlech d‘Suerg vun engem russeschen Iwwerfall. Dat Russland sech d‘Ukrain averleiwe wëll – ee bëssi esou wéi den Zar Vladimir I. dat mat der Krim gemaach huet – ass zwar streng geholl diplomatesche Brach, mee et geet och net wierklech drëms ee Krich auszeléisen. Zudeem géif dat wuel och d‘NATO op de Plang ruffen, an déi ka grad net.
Den ale Mann aus Katalounien huet no sengem Telefonat mam ukraineschen Ausseminister Dmitri Kuleba, via Twitter verlaute gelooss, datt ee mat grousser Suerg déi russesch Aktivitéite verfollegt. Europa géif sech och weiderhi fir d‘Souveränitéit an d‘Integritéit vun der Ukrain asetzen, esou de Josep Borrell, deen esou och ee weidert Argument géint de Gaspipeline-Projet NordStream2 huet.
Richteg ass schonn, datt iwwer Ouschteren déi prorussesch Rebellen am Donbass mat ukraineschen, net weider benannten „Truppendeeler“ unenaner gerode sinn. Natierelch bezichtegen sech hei béid Säite mam Gestreits ugefaangen ze hunn. Dobäi ass et aus diplomatescher Siicht egal wien wéini den éischte Schoss ofginn huet, wëll mat Scholdzouweisunge léist sech kee Konflikt deseskaléieren.
Fir Däitschland a Frankräich, déi sech am sougenannten Normandie-Format (semioffiziell Grupp an där och Russland an d‘Ukrain sëtzen) fir eng „friddlech“ Léisung asetzen, sinn déi sëllege Verstéiss géint de Waffestëllstand zwar och net nei, erzwéngen awer eng Stellungnam. Berlin a Paräis hunn also all déi bedeelegt Parteien an d‘Acteuren um Terrain derzou opgeruff sech nees ze calméieren.
Et kënnt an dësem zanter 2014 unhalende Konflikt reegelméisseg zu Reiwereien an dat ass näischt Ongewéinleches. De Wiessel vun de Joreszäite bréngt zudeem mat sech, dat ee sech strategesch nei opstellt a seng Positiounen iwwerpréift. Zudeem huet de Josep Borrell d‘Rapporte vun der OSCE net gelies, aus deenen zimmlech däitlech ervirgeet, datt d‘Wafferou hei wäitgoend agehale gëtt.
Säit Joresufank sinn entspriechend den offiziellen Zuelen, 21 ukrainesch Zaldoten an 23 Rebellen iwwert de Jordan gaangen. Zuelen zu verstuerwenen oder blesséierten Ziviliste gëtt et aktuell keng. Deen 2015 virgeluechte Friddensplang hänkt iergendwou fest an déi neierlech Sanktioune géint Russland, dierften net zu diplomatesche Fortschrëtter daachen. Mee wéi grouss ass de Risk elo?
Wat dem katalanesche Senior muss entgaange sinn: zum enge gëtt et keng kampfbereet europäesch Arméi, déi een einfach esou an den Donbass verleeë kéint, fir dem Russ seng Pelzekap iwwert d‘Oueren ze zéien. Bezunn op de „gudden Zesummenhalt“ bannent der NATO, ass och net dovun auszegoen, datt een de Konflikt internationaliséiere wëll.
mat indymedia/bru/mow/iev
Foto: Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell hat sech de 24. Mäerz mam US-Ausseminister Anthony Blinken getraff, dee sech jo och der NATO perséinlech a mat bleiwendem Androck virgestallt hat. Et schéngt, wéi wann d‘Unioun stramm beméit wier de Wënsch vun den Amerikaner entspriechen ze wëllen. © European Union