Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“
Déi ganz westlech Welt an natierlech besonnesch d‘Russen am Ausland,
Déi ganz westlech Welt an natierlech besonnesch d‘Russen am Ausland,
Op der Streck tëscht Esch-Sauer an dem Tunnel (N27) ass
Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019
Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën, déi um Jemen-Krich bedeelegt Zaldoten zréckzehuelen. De Milliardär huet dergéint gehalen, säi Veto an d‘Spill bruecht an esou gëtt de Saudie weider „militäresch“ ënnert d‘Äerm gegraff.
An engem Beschloss vun den zwou Kongresskummere war den US-President ugewise ginn, dem saudesche Kinnekräich d‘Ënnerstëtzung fir Militäroperatiounen am Jemen anzestellen, an déi agesate Leit an engem Zäitraum vun 30 Deeg ofzezéien. Eng Resolutioun déi als „Blamage“ fir den Donald Trump bewäert gëtt, well si en direkten Afloss op déi ugestrieften Aussepolitik huet.

Gëschter Owend huet den Donald Trump wësse gelooss, datt hie säi Veto ageluecht huet, säin zweeten no der Verweigerung vun den Demokraten him eng Mauer un der Grenz zu Mexiko ze finanzéieren. Fir dem Milliardär säi Veto ze konteren, bréicht et elo eng zweedrëttel Majoritéit a béide Kummeren. Dofir missten sech dann awer vill Republikaner den Demokraten uschléissen.
Gesäit ee vum Waffenhandel of – am Mee 2017 hat den Donald Trump bei senger 1. Auslandsrees en „Deal“ iwwer ronn 110 Milliarden US-Dollar arrangéiert kritt – dann ënnerstëtzen d‘USA déi saudesch gefouert Koalitioun am Jemen, zum enge mat Geheimdéngschtinformatiounen, déi zur Feststellung vun Zildate benéidegt ginn, zum aneren duerch logistesche Support.
Esou goufen déi vun den USA u Saudiarabien verkaafte Kampffliger, vun US-Tanker an der Loft betankt. Dës „Praxis“ konnt de Kongress schonn am Hiecht d‘lescht Joer beendegen. De Kongress mécht mat senger Resolutioun awer och däitlech, datt US-Zaldoten – am Kader vum Asaz – ouni d‘Erlaabnes vum Parlament „agesat“ ginn, a sech zu Komplize vu Krichsverbrieche maachen.

Am Jemen huet de Biergerkrich, an deem sech Schiiten a Sunnitte säit 2015 géigesäiteg d‘Käpp aschloen, laut de Vereenten Natiounen 10.000 Affer gefuerdert a Millioune Mënschen – dorënner haaptsächlech Kanner – erleiden Honger. Am Jemen stinn sech awer och Saudiarabien (mat den USA) an den Iran (mat Russland) géinteniwwer. E klassesche Stellvertriederkrich…
mat indymedia/was
Foto: Dank dem Donald Trump sengem Veto, héngeren a stierwen elo nach méi Kanner an engem Konflikt deen zanter 2015 besteet a vun der Weltgemeinschaft wäitgoend ignoréiert gëtt. © Caroline Gluck/Oxfam