Search

You may also like

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem
International Neiegkeeten Stories

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt

Laut engem Bericht vun Eurostat ass Lëtzebuerg dat Land an

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop
International Neiegkeeten Stories

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat,

Milliarde fir d‘Demokratie

Europa schéngt gewëllt sech seng Osterweiderung eppes kaschten ze loossen, Moskau ass erstaunt

Milliarde fir d‘Demokratie

Déi Europäesch Unioun, déi op verschiddenen Niveauen eng ganz Rëtsch Sanktioune géint de Regimm a Wäissrussland geholl huet – zu Lissabon gouf sech drop verstännegt Milliarden Euro Investitiounen anzefréieren – huet elo en „Hëllefspak“ an Aussiicht gestallt, fir de Fall, datt een demokratesche Kurs ageschloe gëtt.

Dësen Hëllefspak kritt awer net d‘Regierung vu Wäissrussland, mee d‘Vollek vum zukünftegen europäesch ausgeriichte Land an aussicht gestallt. Sollt Wäissrussland sech fir d‘Demokratie an d‘Rechtsstaatlechkeet entscheeden, wieren eng dräi Milliarden Euro – a Form vun Hëllefen a Kreditter – d‘Belounung. Ee Geld vun deem d‘Unioun de Verwendungszweck awer bestëmmt.

Sollt et zur „Revolutioun“ an engem Regimewiessel kommen, an domadder och zur Trennung vu Russland, wier d‘EU bereet Entreprisen, Verkéiersprojeten, d‘Digitaliséierung, déi energetesch Transitioun an demokratesch Reformen, ze subventionéieren. D‘Ursula von der Leyen erkläert: „D‘EU gesäit a Wäissrussland d‘Bedierfnes no Wandel, Demokratie an enger stralender Zukunft“.

A weider: „Keng nach esou grouss Repressioun, Brutalitéit oder Zwang, kann dem Lukaschenko sengem autoritäre Regimm iergendeng Legitimitéit verschafen. Den demokratesche léist sech net méi ophalen, et ass just eng Fro vun der Zäit, wéini dëse vollzu gëtt“. Et ass eng däitlech Positioun, déi d‘EU-Kommissiounspresidentin anhëlt, an déi dierft zu Moskau fir Grimasse gesuergt hunn.

Dat ass wuel den Zweck vun esou politeschen Aussoen, a mat der Ukrain hat déi finanzpolitesch Osterweiderung jo och geklappt. Gutt ee bëssi Verloscht (Krim, Donbass) gëtt et ëmmer, mee an dëser politescher Equatioun, spillt den „Eenzele“ jo keng Roll, hei geet et ëm dat grousst Ganzt. Et dierft dann och déi souwisou beanträchtegt Bezéiung zu Russland, nach eppes weider belaaschten.

An de Tëscht am Kreml…

Wärend d‘EU-Kommissioun – och an eisem Numm – d‘Bierger a Wäissrussland zum Opstand an dem Stuerz vum Alexander Lukaschenko ermontert, war dëse bei sengem Momper zu Sotschi an huet sech iwwert de westlechen Drock op seng Regierung beklot. Hien ass veriergert, datt Belavia (déi staatlech Fluchgesellschaft), déi näischt Béises verbrach huet, vun der EU bestrooft gëtt.

Si hunn sech och iwwert déi oppen Amëschung an „intern Ugeleeënheeten“ ënnerhalen an de Fait, datt Europa duerchblécke gelooss huet, ee Volleksopstand finanziell stäipen ze wëllen. Den Zar an den Diktator hunn nach emol drun erënnert, datt déi op d‘Ëmleedung vum Vol FR4978 gewise Reaktioun, net zur entspaanter Astellung vun 2013 passt, wou d‘Maschinn vum bolivianesche President Evo Morales, mat Täschespillertricken, op Uerder vun den Amerikaner „ëmgeleet“ gouf.

D‘Amerikaner, deenen déi europäesch Positioun ganz genehm ass, hu jo hirersäits och weider ganz geziilte Sanktioune géint wäissrussesch Entreprisen aktivéiert. Washington huet d‘US-Bierger viru Reesen an d‘Land gewarnt a seng Fluchgesellschaften zu maximaler Virsiicht an Opmierksamkeet opgeruff, wann si de wäissrussesche Loftraum duerchfléien. An de Joe Biden huet och Wënsch…

Aus dem Wäissen Haus heescht et: „Mir fuerdere vum Lukaschenko d‘Zouloosse vun enger onofhängeger Enquête vum Ryanair-Virfall, d‘Fräiloossung vun alle politesche Gefaangenen, fräien an demokratesche Walen ënner internationaler Opsiicht“. Dëse Statement, dierft beim „Sommet vun de Giganten“ zu Genève (16. Juni) wou sech den Zar an de Cowboy Rendez-vous ginn hunn, eppes verdéift ginn, well natierlech ass dem Vladimir Putin d‘Finalitéit vun dëser Politik net friem.

Well een net sollt vergiessen, datt et bei dësem Fall ëm de Journalist Roman Protassewitsch geet, esou wéi et 2013 ëm den Edward Snowden gaangen ass, hei nach déi kuerz Stellungnam vu senger Affekotin Inessa Olenskaja: „Alles ass gutt, hien ass gudder Déng, positiv a gutt gelaunt“. Méi kéint si aus Grënn vun der Confidentialitéit awer net soen… Et sinn esou Aussoen, déi Angscht maachen.

mat indymedia/bru/mow/was

Illustratioun: Sarah Lötscher / pixabay

Related topics Demokratie, EU-Kommissioun, Regimewiessel, Revolutioun, Roman Protassewitsch, Russland, USA, Wäissrussland
Next post Previous post