Search

You may also like

Australien: Scott Morrison vu Klimaschutzfuerderungen onbeandrockt
Kultur Neiegkeeten

Australien: Scott Morrison vu Klimaschutzfuerderungen onbeandrockt

Den australesche Premierminister Scott Morrison war eppes an d‘Kritik geroden,

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)
Kultur Neiegkeeten

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et am Kader vun Infrastrukturaarbechten duerch

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung
Kultur Neiegkeeten

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung

Knapp zwee Méint no de Chamberwahlen, huet de Premierminister Xavier

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter vu 86 Joer, am Connecticut verstuerwen. „Hien ass am Famillje- a Frëndeskrees friddlech vun eis gaangen“ zitéiert déi tschechesch Presseagence CTK seng Fra Martina.

De Milos Forman hat den 18. Februar 1932 zu Caslav (Tschechoslowakei) d‘Liicht vun der Welt erbléckt. Als Kand sollt hie während dem Krich seng Elteren, déi sech am Widderstand engagéiert haten, verléieren. Nom Lycée huet sech de konschtinteresséierten Teenager op der Akademie vun de musesche Konschten zu Prag ageschriwwen.

Mat 28 Joer war de Milos Forman ee vun den Haaptleit vun der „Neier Well“ a mat sengem éischte Wierk „Schwaarze Péiter“, huet hien sech och Filmfestivaller bekannt gemaach. 1968 muss een als Scharnéier-Joer fir de jonke Realisateur gesinn. Beim Ausbroch vum Prager Fréijoer, huet hien sech zu Paräis opgehalen. Grond genuch fir de kommunistesche Regimm hien auszebiergeren.

Et gouf net villes wat de Milos Forman an Europa zréckgehalen huet an esou huet hien de Sprong iwwert de grousse Pull gemaach. An Amerika ass hie gutt opgeholl ginn, an esou huet am Joer 1975 de Realisateur och d‘Nationalitéit vu senger Wahlheemecht ugeholl. Am selwechte Joer verfilmt hien dem Ken Kesey séi Roman: One flew over the Cuckoo‘s nest, a kritt säin éischten Oscar.

Zéng Joer méi spéit, widderhëlt de Milos Forman dësen Exploit. Mat der Verfilmung vum Theaterstéck „Amadeus“ vum Peter Schaffer, kritt 1985 de Realisateur dann och säin zweeten Oscar. Am ganzen huet de Milos Forman 18 Filmer realiséiert, dorënner beispillsweis den „Hippie Kultfilm“ Hair, deen eng ganz Generatioun iwwerzeege konnt.

Reaktiounen

„Hie war mengem Papp säi beschte Frënd a mir hunn hien alle béid ugehimmelt“, schreift den tschechesche Realisateur David Ondricek, de Fils vum Forman sengem Kameramann Miroslav Ondricek, op der Internetsäit vum Quotidien DNES. „Hien hat e gudde Charakter an eng fantastesch Energie. D‘Leit wollten ëmmer béi him bleiwen. Hie konnt esou schéin erzielen“.

De fréieren Direkter vum Festival vu Cannes, Gilles Jacob, huet ënnerstrach, datt de Milos Forman deen eenzege Realisateur gewiescht ass, deen den Iwwergang vun der neier Well zu de grousse Filmer vun amerikaneschen Auteuren, esou erfollegräich gepackt huet. „Hien hat de Béier, Tennis a Cannes gären… Hie huet ëmmer gesot: ‚sot d‘Wourecht, dat ass alles“, esou dem Jacob säin Tweet.

mat AFP

Foto: Hei kritt de Milos Forman de 25. Mäerz 1985 säin zweeten Oscar fir d‘Verfilmung vum Theaterstéck „Amadeus“. © Archiv/AFP

Related topics Milos Forman, Oscar-Gewënner, Realisateur
Next post Previous post