Search

You may also like

dislike
Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no
Kultur Stories

Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no

Russland ass a bleift en interessante Wirtschaftspartner. Déi Lëtzebuerger Regierung

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…
Kultur Stories

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…

Anti-Europäer, ultra-rietskonservativ an ongehuwwelt am Ëmgang mat der politescher Famill:

Fotoausstellung vu Stand Speak Rise Up! am Meliā Luxembourg
Kultur Stories

Fotoausstellung vu Stand Speak Rise Up! am Meliā Luxembourg

D’Associatioun Stand Speak Rise Up! invitéiert op seng nei Fotoausstellung

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg

Datt Lëtzebuerg eng lieweg Metal-Zeen huet, ass keng Nouvelle. Mindpatrol ass do nach eng relativ jonk Bänd, där hier nei CD am Dezember eraus kënnt. Do lauschtere mer mol eran, a stellen dem Luc François, dee bei der Band Member ass, mol gläich e puer froen.

Dir nennt Är Musek Extreme Progressive Metal. Wat bedeit dës Wuert-Zalot an ärem Fall?

De Progressive Metal ass awer immens breet gefächert, an d’Genre-Bezeechnung seet wéineg iwwer d’Häert vun der Musek aus.

Ha, do dierf ech elo direkt schonn aushuelen. Wéi mir eis gegrënnt hunn, war eist Ziel, mat enger ganz eegener Approche virzegoen a queesch duerch de Gaart verschidde Subgenres vum Metal ze vermëschen. Där Saach e Stempel opzedrécken, war guer net sou einfach, well et ni alle Lidder gerecht gi wär. Well mir awer scho puer kromm Taktarten agebonne an op den Album bezunn e fortlafende Wiessel beméit hunn, huet et sech ugebueden, d’Saach als „Progressive Metal“ ze betitelen. De Progressive Metal ass awer immens breet gefächert, an d’Genre-Bezeechnung seet wéineg iwwer d’Häert vun der Musek aus. Do goufe mir an der Press oft fälschlech mat Band wéi Dream Theater verglach, déi um ganz aneren Enn vum Spektrum stinn. Zack, d’Wuert „Extreme“ nach mat ugepecht fir op déi méi haart Spillweise vum Metal ze verweisen, fir dass méi schnell ersiichtlech ass, wouhin de Spaass geet.

Wéi gesäit de kreative Prozess hannert äre Placken aus? Huet deen sech zënter der éischter Plack verännert?

Nodeems […] mir op mëttlerweil sechs Museker gewuess sinn, muss natierlech méi Raum fir Spontanitéit sinn

Vue dass mir nëmme Konzept-Albe schreiwen, ass de Grondsteen vun all Plack natierlech d’Geschicht. Déi denken ech mir ëmmer graff aus a beschwätze se dann mam Rescht vun der Band, fir dass jiddereen ongeféier weess, wéi eng Atmosphär mir mam Gesamtwierk wëllen afänken. Dovun ausgoend plange mir dann, wéi eng Passagen sollen verstäerkt an Zeen gesat ginn, a wou mir Interpretatiounsspillraum loossen. Et geet hei nach éischter em e graffe Plang. Beim éischten Album ware mir nach just zu zwee, do hu mir einfach alles zesumme geschriwwen, an et gouf net vill ze klären. Nodeems Mindpatrol dann 2014 vum Studio-Projet zur richteger Band ginn ass, a mir op mëttlerweil sechs Museker gewuess sinn, muss natierlech méi Raum fir Spontanitéit sinn – meeschtens schreiwe mir a Gruppe vun zwee bis dräi Leit a weisen eis dann de Progrès, sammelen nei Iddien, a schreiwe Lidder dann och oft an enger anerer Opstellung weider. Do ass natierlech eng stabil Vertrauensbasis an e gutt Verständnis vun der grousser Iddi wichteg, mee am Laf vun der Zäit si mir do zu enger stabiller Eenheet zesummegewuess a kommunizéieren immens vill ënnerteneen, fir dass sech jiddereen mam Resultat wuelfillt. D’Songwriting selwer ass awer e Prozess, deen ëmmer an engem gewësse Wandel ass, dofir ännert sech eis Approche tëschenzäitlech gär mol. Am Endeffekt ass et awer eng gemeinschaftlech Saach, an net ee Member, dat sech e Joer laang aspäert an da mam fäerdegen Album ukënnt.

Wat ënnerscheet Är nei Plack vun äre mi ale Placken?

D’Qualitéit, wann ech dat sou frech dierf soen. Duerch déi vill Zäit mateneen huet sech déi gemeinsam Richtung méi erauskristalliséiert, soudass d’Musek op „Vulture City“ definitiv méi konsequent ausfält. Mir hunn eis beméit, méi fokusséiert virzegoen an d’Material op seng Stäerkten ze kondenséieren, woubäi mir eis par Rapport zum Virgänger „The Marble Fall“ méi kuerz gefaasst an awer méi gesot hunn. Em d’Verëffentlechung vun „The Marble Fall“ si mir och em een drëtte Gittarist gewuess an hunn des Kéier entspriechend och dat zousätzlecht Instrument agebonnen. Generell dierft sech awer schonn aus deem Grond en däitlechen Ënnerscheed opdoen, well et eben eng ganz frësch Geschicht mat engem eegenen Esprit ass, déi mir musikalesch presentéieren. Zur gudder Lescht hu mir och ganz einfach un Erfarung gewonnen a konnten eis Visioun dowéinst mat méi Präzisioun ëmsetzen, woubäi mir och méi Geld an de Grapp geholl hunn, fir dass d’Produktioun sou propper an drockvoll ausfält, wéi een et vu gréissere Bands gewinnt ass. Do hu mir mam Sebastian Levermann vun Orden Ogan zesummegeschafft – e Mann vum Fach, mat deem et och op perséinlecher Basis immens gutt geklappt huet!

Wéi sidd der am Fong op d’Iddie komm, fir är CD-en mat zousätzleche narrativen Elementer, wéi Begleedbicher, ze ënnerstëtzen?

D’Grondiddi koum – wéi all gutt Iddi – an enger roueger Minutt op der Schossel.

Du hues gefrot, also muss ech och éierlech äntweren: D’Grondiddi koum – wéi all gutt Iddi – an enger roueger Minutt op der Schossel. Dee Moment war vu Bicher nach net d’Ried, mee mir fannen et super flott, wann en Album net just eng Sammlung vu Lidder ass, mee eng kleng, zesummenhängend Rees. Op Albumlängt bleift méi Zäit wéi an engem eenzele Lidd fir emotional Raim opzespanen, et ass beim Lauschteren also schonn e ganz anert Gefill. Dass dann och iergendwann d’Bicher dobäikomme sollten, war net verwonnerlech, well ech scho länger Romaner schreiwen, an et sech perfekt ergänzt: D’Texter vun de Lidder wierke jo ëmmer éischter punktuell a si gär och méi abstrakt, während d’Bicher dann déi Momenter opgräift an d’Tëscheraim opfëllt.

Den 9. Dezember hutt der är Release-Show Vulture City. Wat kann een sech do erwaarden?

Gutt vill Geknëppels an e steift Genéck den Dag drop! Mir hate Gléck a konnten den Owend an der Kulturfabrik plangen, wou mir als Zuschauer all scho gefillten honnert Concerten erlieft an eis ëmmer wuelgefillt hunn. Mat den zwou Lokalbands Desdemonia a Feradur hu mir net just kompetent Museker, mee virun allem och gutt Kollegen agelueden, eis deen Owend ze ënnerstëtzen. Dobäi kommen dann nach Awaiting Downfall aus Däitschland, mat deene mir scho méi oft gespillt an duerno virun allem massiv gefeiert hunn. Et ass u sech ganz onkomplizéiert: Mir wëllen deen Owend mat Kollege genéissen an de Leit véier memorabel Concerte bidden. Vun eiser Säit gëtt et natierlech de ganzen neien Album „Vulture City“ ze héieren, an do steet fest: Mir brennen drop, dat gutt Stéck no där laanger Aarbecht ze weisen!

Next post Previous post