Search

You may also like

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?
Business Neiegkeeten

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?

Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si,

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…
Business Neiegkeeten

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll
Business Neiegkeeten

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll

Déi lénk rifft déi ganz Bevëlkerung op, sech muer Samschdeg

Mini-Entreprise „DéjàVu“ – De Charme vu Vintage a Second Hand

Mini-Entreprise „DéjàVu“ – De Charme vu Vintage a Second Hand

An Zäite wou d’Wäertschätzung vu Ressourcen an Nohaltegkeet am Fokus stinn, klëmmt natierlech och d’Beléiftheet an d’Nofro no Kleedungsstécker an Accessoiren aus zweeter Hand, respektiv mat engem gewëssen Alter. Déi motivéiert Ekipp hannert der Mini-Entreprise „DéjàVu“ schléisst sech deem un a bitt eis exklusiv Schätz un.

Dës 7 Schüler vun der 2eD aus dem Lycée Robert Schuman haten e ganze Koup Iddien, déi sech all op d’Thema Ëmweltschutz bezunn hunn. A Kombinatioun mat hirer Léift fir Second Hand a Vintage Kleedung konnte si sech awer relativ féchs op ee Projet eenegen – „DéjàVu“ war gebuer.

Iwwert hir Internetsäit bidde si e Choix u Stécker vun de 70er bis an d’2000er Joren un. Vu Jacketten an T-Shirts, iwwer Boxen a Pulloveren, bis hin zu Accessoire fir Fraen a Männer kann een dem Kleedungsstéck en neit Liewe schenken. Dobäi gräift d’Ekipp op d’Offer vu Privatpersounen zeréck, trëfft seng Auswiel fir dem Client eng gewëssen Exklusivitéit ze bidden a presentéiert den Artikel online.

DéjàVu
Och ëm hir Fotoen fir d’Internetsäit a Social Media këmmere sech d’Schüler selwer © DéjàVu

D’Präisser variéieren dobäi beispillsweis no Stoff, Qualitéit an Zoustand, woubäi vill Stécker souguer ongedroen ausgesinn. A verschidden Artikele verléift ee sech direkt, och wann dës Altererschéinungen a kleng Mängel hunn. Dës ginn natierlech mat Fotoe festgehalen, sou datt de potentielle Keefer den Zoustand kennt.

Do kommen nostalgesch Gefiller op

Fir d’Ekipp – déi besteet iwwregens aus dem Alexandra Bertinelli, dem Anne Rock, dem Loïc Pfeiffer, dem Louis Mathgen, dem Max Villa Garcia, dem Lori Mayer an dem Laura Betzen – ass Second Hand a Vintage méi wéi nëmmen en Trend. Et ass eng nohalteg Alternativ zu neie Kleeder, déi och zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär gëtt. Esou erkläre si am Interview: „Eist Zil ass et och de Leit hir Routine-Akeef vun neie Kleeder duerch Second Hand oder Vintage Kleeder ze ersetzen.“

DéjàVu
Do sinn d’Gesiichter hannert DéjàVu: (v.l.n.r.) Alexandra Bertinelli, Anne Rock, Loïc Pfeiffer, Louis Mathgen, Max Villa Garcia, Lori Mayer a Laura Betzen © DéjàVu

Schliisslech musse fir nei Kleedung méi Ressource verbraucht ginn, wéi een eigentlech denkt, an dozou gehéieren net nëmmen d’Produite fir de Stoff, mee och riseg Quantitéite Waasser. Dës weideren fënnt een oft Artikelen, déi mëttlerweil zu Eenzelstécker gi sinn, eng super Qualitéit bidden an och d’Sich no esou engem Unikat mécht immense Spaass. An dat wichtegst iwwerhaapt: Wisou muss et ëmmer eppes Neies sinn?

Besonnesch luewenswäert ass dann och d’Professionalitéit vun de Schüler, déi mat hire 17, respektiv 18 Joer weise wat si drop hunn. Vum Design vun der Internetsäit, bis hin zu de Fotoen an dem Verkaf huele si all Etapp selwer an d’Hand.

E Bléck op dejavuvintage.lu lount sech also op alle Fall.

Opmaacherbild: © DéjàVu

Related topics Accessoiren, DéjàVu, Ëmweltschutz, Kleedung, Lycée Robert Schuman, Mini-Entreprise, Qualitéit, Ressourceschounung, Second Hand, Vintage
Next post Previous post