Search

You may also like

Trump-Ried zum Onofhängegkeetsdag (mat Analys)
Business Neiegkeeten

Trump-Ried zum Onofhängegkeetsdag (mat Analys)

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et wëll gesinn, dem

Déi 33. Studentefoire dësen Donneschdeg a Freideg
Business Neiegkeeten

Déi 33. Studentefoire dësen Donneschdeg a Freideg

Och an dësem Joer wäerten sech nees all déi Schüler

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum
Business Neiegkeeten

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Wéi den Nicolas Maduro, demokratesch gewielte President vum Venezuela sech

Mini-Entreprise „Case It!“ – Gitt Ärer Mask een Doheem

Mini-Entreprise „Case It!“ – Gitt Ärer Mask een Doheem

Mam Zil der Bevëlkerung elo wärend der Pandemie ze hëllefen, bitt d’Mini-Entreprise „Case It!“ hygienesch Boîtte fir Är chirurgesch an/oder stoffe Schutzmasken un. Mat dëser Verstauungsméiglechkeet gëtt awer och nach ee besonneschen Outil matgeliwwert, deen direkt e puer Funktiounen huet.

Wärend sech mëttlerweil vill Projeten speziell op de Beräich vun der Nohaltegkeet fokusséieren, hunn 8 Schüler vun der 2GCG1 aus dem Bouneweger Lycée sech d’Fro gestallt, ob a wéi een de Leit dobaussen bei dëser sanitärer Kris ënnert d’Ärem gräife kann. Nieft dem Gefill vu sozialer Distanz an dem Geroch vun Desinfektiounsmëttel, kënnt engem beim Wuert „Pandemie“ och de Mond-Nues-Schutz direkt an de Kapp.

A fir datt déi net méi iergendwou am Rucksak oder an der Posch ronderëm trëllt, een als éischt emol siche muss wou een d’Mask dann higedoen huet, bitt „Case-It!“ en handleche Beidel un, an deem zwou Maske gutt Plaz fannen.

Dobäi ass en Accessoire, deen op den éischte Bléck ausgesäit wéi ee Fläschenëffner. Ma, dat ass richteg, woubäi de Gadget awer nach weider Funktiounen erfëllt: Ënnert anerem kann een domat Dieren opzéien a Klenschen erofdrécken, ouni dës direkt upaken ze mussen. Och Knäppercher drécken ouni direkte Kontakt ass domat méiglech, wat engem beispillsweis am Lift oder beim Bezuele mam Automat ze Gutts kënnt. A mat der klenger Gummispëtzt kann ee souguer um Smartphone tippen.

Case-It!

Si hu Partner gebraucht

De Projet vun der Mini-Entreprise sollt net nëmmen nëtzlech sinn, mee och nach gutt ausgesinn, uerdentlech verschafft a säin Notzen den aktuelle Standarden entspriechen. Aus dësem Grond sinn d’Schüler e puer Kollaboratiounen agaangen: Déi artistesch Fieder huet de Lëtzebuerger Kënschtler Eric Mangen geschwongen, ëm d’Bitzen huet sech den Atelier Protegé „Cat S.C.“ vu Kielen gekëmmert an d’chirurgesch Masken goufe vu „Santé et Services“ zur Verfügung gestallt. Dës Maske sinn iwwregens „Made in Luxembourg“ an Typ II zertifiéiert.

D’Entreprise „Nerds“ war esou léif, der motivéierter Ekipp Pullovere mat hirem Logo ze bedrécken a mat der Hëllef vu „G-ART“ ass den Numm och um Produit erëmzefannen.

Den Alex, d’Beatriz, de Miguel, d’Joana, d’Ana, d’Diana, den Dylan an d’Andrea hoffe mat hirem Konzept e Beitrag am Kampf géint Covid-19 leeschten ze kënnen an den Interessi vun Iech dobaussen erwächen ze kënnen.

Weider Informatiounen zur Mini-Entreprise „Case-It!“ fannt Dir op hirer Facebook-Säit.

Fotoen: Case-It!

Related topics Bouneweger Lycée, Case-It!, CAT S.C., Chirurgesch Masken, dVerstauungsméiglechkeet fir Masken, Eric Mangen, G-ART, Mini-Entreprise, Nerds, Santé et Services, Stoffmasken
Next post Previous post