Search

You may also like

Luxembourg Art Week 2019
Business Neiegkeeten

Luxembourg Art Week 2019

Fir déi fënneft Editioun vun der Luxembourg Art Week, déi

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?
Business Neiegkeeten

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee

Crossfit Challenge: „24 Stonne rudderen“
Business Neiegkeeten

Crossfit Challenge: „24 Stonne rudderen“

D‘Entreprise „Crossfit Roude Léiw“ huet beschloss en Challenge zu Gonschte

Mini-Entreprise „Kaboom“ – Wa Feier-Ufänken zum klengen Erliefnis gëtt

Mini-Entreprise „Kaboom“ – Wa Feier-Ufänken zum klengen Erliefnis gëtt

Den Trend zum Upcycling wiisst och bei de Lëtzebuerger Mini-Entreprisen. Datt d’Ufänke vun engem Feier net nëmmen mat recycléierte Materialie méiglech ass, mee och nach e lëschtegen Akt ka ginn, weist d’Ekipp vu „Kaboom“.

Nieft dem Numm vun der Mini-Entreprise hunn den Aleksander, den Noe, de Samuele an d’Claudia – alle 4 Schüler vun der 2GCG1 am Bouneweger Lycée – hiren Humor an d’Ausgesinn vun dësem spezielle Feieranzünder gepaakt. Et sinn beispillsweis den Donald, de Boris oder och d’Angela, déi mam Briquet ugefaangen ginn a fir e wiermend Feier suergen.

Ma, och de Xavier, de Vladimir an den Emmanuel kann een dofir notzen. Iech kommen dës Nimm bekannt vir? Do kéint eppes dru sinn, woubäi mir awer nees drop hiweisen, datt dës konkret Uspillunge mat Humor ze verstoe sinn, an net an éischter Linn e „politesche Statement“ duerstellen.

Kaboom

D’Feieranzünder vu „Kaboom“ bestinn aus Seemiel, Wuess an Stécker vu Käerzen, wouduerch den Upcycling-Aspekt opkënnt. D’Wuess hu si iwweregens duerch d’Kollaboratioun mat der SuperDrecksKëscht zur Verfügung gestallt kritt.

Weider Informatioune zur Mini-Entreprise mat engem erklärende Video ginn et op kaboom.lu.

Fotoen: Kaboom.lu / Facebook

Related topics Bouneweger Lycée, Feier, Feieranzünder, Kaboom, Mini-Entreprise, Politiker, Upcycling
Next post Previous post