Search

You may also like

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)
Business Neiegkeeten

Déi amerikanesch Haushaltsspär: „Shutdown!“ (erkläert)

Et vergeet kaum e Joer wou an den USA d‘Bedreeung

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser
Business Neiegkeeten

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser

Dobausse brécht d‘Wieder all Temperaturrekorder an et herrscht Dréchent. Do

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft
Business Neiegkeeten

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft

An der Nuecht op e Freideg ass et zu Stroossen

Mini-Entreprise „StayCation“ – Vakanz fir Doheem

Mini-Entreprise „StayCation“ – Vakanz fir Doheem

De Wonsch friem Länner ze bereesen an aner Kulture kennenzeléieren schlummert wuel an de Meeschte vun eis. E Stéck vun dësem Fernwéi soll elo duerch de Projet „StayCation“ gestëllt ginn, an zwar a Form vun enger Iwwerraschungsbox, déi all Mount jeeweils ee bestëmmte Land als Thema huet.

E klengen Ausfluch a Japan, oder schléit Äert Häerz awer méi fir d’USA? Wéi wier et mat Brasilien, oder dach léiwer Japan? D’Nora, d’Joana, d’Mia, d’Filipa, de Jorge, Leandro an Henrique aus der 2GCG1 maachen et méiglech, an hunn dofir d’Mini-Entreprise „StayCation“ gegrënnt. A wéi den Numm et scho seet, kritt een d’Gefill vu Vakanz, ouni sech deplacéieren ze mussen.

StayCation

Op hirer Internetsäit www.staycationbox.net kann een dobäi tëscht verschidden Abonnementer wielen, einfach bestellen a kuerz drop ass d’Këscht voller Iwwerraschungen bei Iech Doheem.

Gefëllt mat typesche Schneekegkeeten a Rezepter kann d’Aventure lassgoen. Dobäi dierf déi passend Musek natierlech net feelen, wouduerch d’Schüler eng Playlist bäigeluecht hunn. E Guide mat Plazen, déi een onbedéngt sollt an deem jeeweilege Land gesinn hunn, completéiert d’Offer vu „StayCation“.

Biller: staycationbox_ / Instagram

Related topics 2GCG1, Bouneweger Lycée, Iwwerraschungsbox, Mini-Entreprise, Reesen, Staycation, Vakanz, VakanzDoheem
Next post Previous post