Search

You may also like

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou
Neiegkeeten

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov,

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Ech si verzweiwelt (Lieserbréif)

Et steet schlëmm ëm eis Geschäftsleit. Nach ëmmer ginn et

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch
Neiegkeeten

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch

Wéi den nationale Literaturzenter matdeelt wäerten hir Dieren um Mëttwoch,

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) Ufank Mee an der Chamber ugekënnegt huet, datt grad emol e Fënneftel vun den „Elementer“ géif feelen, fir datt et mat der Policegewerkschaft (SNPGL) zu engem Accord ka kommen, gëtt et nach eng Rei „Differenzen“

Déi gréisst Erausfuerderung fir de Minister an d‘Gewerkschaft: sech op d‘Aarbechtszäit ze eenegen. Hei besteet d‘SNPGL drop, datt déi wichteg Roupausen – och ënnert der Berécksiichtegung vun de legalen Dispositiounen – enger ziilféierender Léisung bedierfen. Dat bestoend Gesetz beseet jo och, datt Polizisten net méi wéi aacht Iwwerstonne pro Woch leeschten dierfen, an dat ass e Problem.

Esou wier déi vum Legislateur am Gesetz verfaasste Regelung, net am Aklang mat den bestoende Besoine vun der Police. Hei gëtt an éischter Linn bedauert, datt de Minister nach ëmmer keng akzeptabel Kompensatiounsmoossname virgeschloen huet. Bei der SNPGL ass een zudeem net bis wéineg erfreet, datt de Minister net an der Lag wier zumindest e Konzept virzeleeën.

Dem François Bausch gëtt dann och eppes méi provokativ „e Mangel u Loscht“ ënnerstallt. Eng „Loscht“ déi am Kontext vun enger noutwenneger Revisioun vun de Konditioune beim Rekrutement vun neie Kandidaten, net ze erkennen ass. Et geet wuel net ëmmer esou séier wéi een net fir noutwenneg empfënnt, mee an dësem Fall wier et gutt endlech Neel mat Käpp ze maachen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CGFP, François Bausch, Minister fir Bannesécherheet, Police, SNPGL
Next post Previous post