Search

You may also like

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach
Neiegkeeten

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg

Haut ass de Weltdag vun de Mierer
Neiegkeeten

Haut ass de Weltdag vun de Mierer

Um haitege Weltdag vun de Mierer soll d’ekologesch Bedeitung vun

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen
Neiegkeeten

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen

Et ass nees un der Zäit fir d’Schüler vun de

Si hunn de Minister beim Déierenasyl ausgesat…

...en ass awer direkt gutt opgeholl ginn!

Si hunn de Minister beim Déierenasyl ausgesat…

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet gëschter, zesumme mam Dan Biancalana, dem Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng, dat regionaalt Déierenasyl besicht.

Zesumme mam Dr Felix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärsverwaltung, sinn si duerch d’Infrastruktur getrëppelt, an der iwwer 50 Hënn a Kaze momentan ënnerbruecht sinn. Uschléissend hu si sech mat de Responsabele vun der Societéit fir de Schutz vun den Déieren (SPAD) iwwert d’Pläng zum Ausbau vum Gebai an dem neien Hondsterrain fir ze spillen– béides fir 2021 virgesinn – ënnerhalen.

Dobäi huet de Romain Schneider ënnerstrach, datt d’Kapassitéite vun dësem Déierenasyl, genau wéi an den aneren nationalen Asyler, hire Maximum erreecht hunn. „Ech begréissen an ënnerstëtzen dofir de Vergréisserungsprojet, dee vun der Asbl geréiert gëtt. Et muss een dës zeréckzeloossen Hausdéieren ophuelen, mee hinnen och esou schnell wéi méiglech eng nei Famill sichen“, sou de Minister.

Him perséinlech läit d’Wuel vun den Déieren um Häerz, wouduerch hien nach emol un eist streng Déiereschutzgesetz erënnert huet. An dësem Kader huet hien nach emol drun erënnert, datt et och fir Kazebesëtzer obligatoresch ass, seng Miessi chippen ze loossen. Esou kann de Proprietär ëm Eeschtfall schnell ermëttelt ginn, an den Asyler gëtt d’Aarbecht enorm vereinfacht.

Zu gudder Läscht gouf et nach ee grousst Luef fir den Engagement vun der ganzer Ekipp u Professionellen a Benevollen, déi sech all Dag ëm déi verloossen Déiere këmmeren.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Mme Mamburg, Architekteservice vun der Stad Diddeleng; Dr Felix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärsverwaltung; René Manderscheid, zweete Schäffe vun der Stad Diddeleng; Dan Biancalana, Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng, SPAD Asbl; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; SPAD Asbl; Nadine Glock, FG Architects © MA

Related topics Dan Biancalana, Déierenasyl, Diddeleng, Hond, Kaz, Romain Schneider
Next post Previous post