Search

You may also like

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo
Neiegkeeten

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo

Vum 14. bis den 18 September 2021 fënnt de Skoda

Allianz géint e Brexit ouni Accord
Neiegkeeten

Allianz géint e Brexit ouni Accord

Et sinn nach 64 Deeg bis zum Brexit an ob

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?
Neiegkeeten

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?

Am vergaangene Wanter huet déi bayresch Staatsbauverwaltung e Pilotprojet lancéiert,

De Minister Asselborn besicht d’Flüchtlingsfoyeren zu Miersch an Tandel

Gëschter huet den Jean Asselborn, Minister fir Immigratioun an Asyl zwee Flüchtlingsfoyeren vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) zu Miersch an Tandel besicht. Zil war et sech een eegent Bild vun de Liewensëmstänn vun de Persounen ze maachen, déi zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

Ugefaangen huet d’Visitt an der Struktur zu Miersch, déi vum Lëtzebuerger Roude Kräiz geréiert gëtt an zënter Juli 2016 Flüchtlingen betreit. Fir Familljen an elengstoend Fraen a Männer fänkt hei déi zweet Phas un. Just e puer Woche verbréngen d’Flüchtlingen hei, fir eng Evaluatioun vun de Besoinen vun den Demandeure fir internationale Schutz ze maachen.

Duerno goung et fir de Minister Asselborn weider op Tandel, wou hien op Invitatioun vum Buergermeeschter Ali Kaes empfaangen. Dës Struktur vum laangfristegen Hebergement gëtt stellt d’Phas 3 duer an ass säit Januar 2019 op. D’Leedung iwwerhëlt Caritas Lëtzebuerg. Aktuell ass eng gemëscht Grupp ënnerbruecht, déi zu engem Drëttel aus Kanner besteet. Déi maximal Kapassitéiten beschränke sech op 93 Better.

De Site zu Tandel déngt donieft och als regional Antenne vum ONA. Ma, fir 2021 ass d’Ouverture vun enger weiderer Antenne zu Sëlz virgesinn. De Projet erméiglecht et de soziale Suivi vun den Demandeure fir internationale Schutz, déi am Norden residéieren, ze verbesseren an d’Deplacementer uechtert d’Land ze reduzéieren.

Et sief drop opmierksam gemaach, datt duerch d’Schléissung vun den EU-Grenzen am Ufank vun der sanitärer Kris d’Arrivéeën u Flüchtlingen immens zeréckgaange sinn, d’Plazen an de Strukture awer weiderhi limitéiert bleiwen, virun allem am Hibléck op d’Schwieregkeet vun den Empfänger vum internationale Schutz fir d’Struktur ze verloossen.

Dobäi kënnt, datt säit Juni d’Arrivéeën u Flüchtlingen zu Lëtzebuerg nees an d’Luucht geet. D’Kapassitéite sinn ageschränkt an esou bleift net méi vill Spillraum fir weider Persounen opzehuelen.

An dësem Kontext huet de Minister säin Appell un d’Gemengen widderholl, fir sech solidaresch ze weisen a Plaz zur Verfügung ze stellen, fir weider Strukturen fir d’Demandeuren anzeriichten a Persounen op der Flucht en Daach iwwert dem Kapp ze bidden.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu de Visitten © MAEE

Related topics Ali Kaes, Asyl, Caritas, Flüchtlingsfoyer, Immigratioun, Jean Asselborn, Miersch, Minister fir Immigratioun an Asyl, Rout Kräiz, Tandel
Next post Previous post