Search

You may also like

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid
Neiegkeeten

Geriichtsmedeziner bestätege Suizid

Virun enger Woch war den Investmentbanker a presuméierte Sexualstrooftäter Jeffrey

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019

Zënter senger Kreatioun am Joer 1990 steet beim Lëtzebuerger Film

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn
Neiegkeeten

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am

De Minister Romain Schneider a „Mëng Landwirtschaft“

De Minister Romain Schneider a „Mëng Landwirtschaft“

En Dënschdeg huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, de Romain Schneider d’Delegatioun vun „Mëng Landwirtschaft“ getraff. Bei dëser Entrevue ass et ëm d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, a virun allem d’Perspektive vun der biologescher Landwirtschaft gaangen.

De Minister Romain Schneider huet drun erënnert, datt eent vun den essentiellen Zieler vum Regierungsprogramm d’Erhéijung vun der Fläch, déi fir déi biologesch Landwirtschaft genotzt soll ginn, vun 4,6% op 20% bis zum Joer 2025 plangt. Vir dëst Ziel ze erfëlle muss een nationalen Aktiounsplang opgestallt ginn, un dem all d’Acteuren aus dem Secteur sech bedeelege kënnen.

D’Representante vu „Mëng Landwirtschaft“, eng zivil Plattform mat 22 aktiven Organisatiounen, weisen sech erfreet datt dat selwecht Ziel uviséiert gëtt an wäerten an Zukunft hir Expertise garantéieren.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) 1 Rei: André Lopes, éischte Conseiller vum Landwirtschaftsministère; Raymond Aendekerk, Mëng Landwirtschaft; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Laure Cales, Coordinatrice vu Mëng Landwirtschaft – 2. Rei: Jeff Dondelinger, Landwirtschaftsministère; Serge Medinger, Landwirtschaftsministère; Magali Paulus, Frères des Hommes; Daniela Noesen, Bio Lëtzebuerg; Pierre Treinen, Direkter vum SER © Landwirtschaftsministère

Related topics Bauer, Meng Landwirtschaft, Minister fir Landwirtschaft, Romain Schneider, Wäibau a ländlech Entwécklung
Next post Previous post