Bayresche Ministerpresident fuerdert Impfflicht

Den Appell fir ee Gesetz kritt ëmmer méi Stëmmen, esouguer Deeler vun der „die Linke“ sinn elo éischter fir en Zwang

Déi aner Säit der Musel klammen d‘Infektiounszuele rapid, wat net verhënnert datt et voll Stadien huet an sech – wann en net grad ofgesot gouf – op de Chrëschtmäert an der Äerm geleeë gëtt. Den RKI, dat medezinescht Gewësse vun der Politik, warnt säit Wochen, fuerdert Mesuren a gëtt awer net gehéiert. A wat se selwer als Regierung net hikritt hunn, fuerderen d‘Looser elo vun den Neien.

An der Sendung „Bericht aus Berlin“ (ARD) huet de bayresche Ministerpresident, Markus Söder (CSU), gesot: „Ech war am Ufank och skeptesch, wat déi allgemeng Impfflicht betraff huet, well et am Kär, mengem liberale Staatsverständnis widdersprécht. D‘Impfflicht ass awer déi eenzeg Chance aus der Endlosschleef erauszekommen“. Dat ass also eng däitlech Fuerderung fir d‘Ampel.

Covid19

Et ass awer ee geschéckte politesche Schachzuch. Selwer hätt een sech als Regierungspartner ni fir d‘Impfflicht agesat, déi politesch Ofrechnung wollt een och bannent der CSU net op sech huelen. Elo ass een „Oppositioun“ a kann sech dohinner stellen an alles fuerdere wat een als Majoritéit ni matgedroen hätt, et sief et wier engem selwer agefall, oder vun de Lobbyiste gefuerdert ginn.

D‘Argument vum politesche Leader aus dem Fräistaat: Mat enger Impfflicht géif een d‘Spaltung vun der Gesellschaft an d‘Verweigerungshaltung vun de Mënsche beendegen. Ass et bis entscheet, da gëtt et och duerchgesat, mengt de Markus Söder. „Da gëtt et Geldboussen an um Enn wäerten sech déi allermeeschten Impfe loossen. Elo muss et just nach entscheet ginn“. Awer net vun him.

Et mécht ee keng Politik fir Bierger

Wann et am grousse Ganze richteg ass, datt iwwert eng Impfflicht muss nogeduecht ginn (an der Alperepublik soll se ab Februar a Kraaft trieden), esou kënnt dat alles nees zimmlech spéit. Si ware stramm beméit d‘Kand mam Buedwaasser auszeschëdden, esou de Koalitiounspartner SPD, deen elo d‘Impfflicht och als Léisung gesäit. Zumindest de Ministerpresident vun Niedersachsen.

De Stephan Weil: „Mat der Covid19-Variant ‚Omikron‘ huet et eng nei Situatioun. Mir wäerten eis zolidd ustrenge mussen, fir den Impfschutz no uewen ze dreiwen. Éischt Ënnersichunge weisen, datt virun allem d‘Booster-Impfungen eng gutt Wierkung géint dës Mutatioun entfale kënnen. Dofir ass elo eng Impfflicht onabdéngbar. Mir mussen den Impfdrock erhéijen“. Interessante Revirement.

Covid19

De wuel zukünftege Landwirtschaftsminister Cem Özdemir (die Grünen), huet sech sengersäits och fir en Impfflicht ausgeschwat. Hi sot am Radio Deutschlandfunk: „Mir wäerten net zouloossen, datt déijéineg wou sech disziplinéiert verhalen, déi der Wëssenschaft vertrauen, déi net gleewen datt d‘Äerd eng Scheif ass, datt déi weider ënnert deene Leiden, déi menge Sonnerrechter ze hunn“.

An esouguer aus de Reie vun „die Linke“ huet et Stëmmen, déi elo éischter fir eng Flicht sinn. Do seet d‘Parteipresidentin Susanne Hennig- Wellsow, zesumme mat aner Partei-Vertrieder, an engem vun der Rosa-Luxemburg Stëftung verëffentlechte Statement: „Et brauch eng Moossnam zur Bewältegung vun der Pandemie, dat awer mat engem Sanktiounsbewäerten Instrument“. Et voilà…

mat indymedia/ber

Dernières nouvelles