Search

You may also like

Therapiezenter Pëtschent: Genuch Rou an déi richteg Atmosphär fir Jonker mat psychesche Problemer
Neiegkeeten Stories

Therapiezenter Pëtschent: Genuch Rou an déi richteg Atmosphär fir Jonker mat psychesche Problemer

Bis ewell konnten am neien therapeuteschen Zenter zu Pëtschent (CTP),

D‘Paräisser Plaz mat neiem Liewe gefëllt
Neiegkeeten Stories

D‘Paräisser Plaz mat neiem Liewe gefëllt

Et ass Summer, d‘Leit si gutt gelaunt an esou soll

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?
Neiegkeeten Stories

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje

D‘CSV reit eng Attack, d‘Ministesch schéisst zréck

Den Dossier „Traversini“ fänkt un en Ausmooss ze huelen, do hëlleft net emol méi Kapprëselen

D‘CSV reit eng Attack, d‘Ministesch schéisst zréck

Nodeems déi gréissten Oppositiounspartei an der Chamber d‘Relève vun den Oppositiounsparteien am Déifferdenger Gemengerot geholl huet, an esou déi eege Sektioun liicht an Diskredit bréngt, ass d‘Ëmweltministesch genéidegt, sech zum Dossier ze äusseren an d‘Virwërf ze entkräften.

Zwou Woche laang huet d‘Carole Dieschbourg sech net perséinlech zur Affär ëm de fréieren Député-Maire vu Déifferdeng, Roberto Traversini, geäussert. Elo wou d‘CSV-Fraktioun sech an der Chamber den Dossier ënnert den Nol gerappt huet an net manner déi wéi d‘Demissioun vun der grénger Ëmweltministesch fuerdert, kënnt si net derlaanscht a muss sech dëse Virwërf stellen.

Et ass – ugesiichts dem Fait, datt béid politesch Acteuren, also de beschëllegte Roberto Traversini an déi beklote Carole Dieschbourg, an der selwechter Partei sinn – natierlech einfach am presente Fall de Virworf vun der „Vetternwirtschaft“ opzewerfen, wou et esou eppes bei der CSV jo ni ginn huet an och ni wäert ginn. Dat heescht allerdéngs och net, datt déi chrëschtlechsozial falsch leien.

Eng „normal Prozedur“

Interessant och d‘Strategie vun der Ministesch. Si huet elo eigentlech just widderholl (oder, jee no Standpunkt) bekräftegt, wat schon de Conseiller Mike Wagner, déi lescht Woch erkläert huet. „Et ass alles normal, all d‘Dossiere gi gläichermoosse behandelt“, esou d‘Carole Dieschbourg, déi nach insistéiert, datt all involvéierte Service seng Aarbecht am Respekt vun der Prozedur erleedegt huet.

Eng Prozedur déi dozou gefouert huet, datt déi nodréiglech agereechten Demande dann och den 12. August – ee Mount nodeems si um Ministère virgeluecht gouf – un d‘ANF (Administratioun vun der Natur an de Bëscher) weidergeleet ginn ass. D‘ANF huet dann de 14. August säin Avis ofginn. Prezisioun: de Chef vum Süd-Arrondissement, Michel Leytem, war do nach an der Vakanz.

Hie gëtt an dësem Kontext un, datt hien awer och an der Vakanz säin elektronesche Courrier liest, also iwwert alles Bescheed wousst, an dem Preposé deen dozou de Rapport ausgestallt huet, dann och gréng Luucht ginn huet fir den Dossier ofschléissend ze beaarbechten. Dat war den 29 Juli. Dësen ass dann, mat enger Abberzuel un aneren Dossieren, nees um ministeriellen Dësch gelant.

Well d‘CSV weess wéi et an engem Ministère ausgesäit, de Bierger sech deem net ëmmer bewosst ass, deet ee gutt drun e Bild vun der Situatioun unzebidden. Dëser „Dossieren“ gëtt et also méi an et wier vermoossen unzehuelen, datt d‘Ministesch alles wat si ënnerschreift am Fong gelies oder analyséiert huet. Déi „Viraarbecht“ gëtt am allgemenge vun de Beamten am Ministère geleescht.

Vum Schapp zum Chalet

Hei gëtt zudeem drop higewisen, datt et sech ëm ee klengen Dossier gehandelt huet. Esou eppes wéi e Gaardenhaischen ass eigentlech eng „Bagatelle“, do gëtt net groussaarteg Zäit opgewannt. Et gëtt sech op Gesetzestexter, den Artikel 5 vum groussherzogleche Reglement aus dem Joer 1991 an op den Artikel 7.1 vum Gesetz vum 18. Juli 2018 bezunn. An do sinn dann och „Ausname“ virgesinn.

D‘Ministesch kann, wann sech noweise léisst, datt Aarbechten déi zur „Harmonie mat der Natur am direkten Ëmfeld bäidroen“, entscheeden dat déi zoulässeg sinn. Dat heescht datt wa laut Reglement all fest mam Buedem verbonne Konstruktioun u sech verbueden ass, een awer dat bestoend muss berécksiichtegen. De Schapp am Gaart stoung schonn, e war just an engem schlechten Zoustand.

Dësen ze rehabilitéiere wier also och rechtlech betruecht, zoulässeg. Zudeem definéiert d‘Gesetz d‘Notioun vu de bestoende Konstruktiounen an der grénger Zon. Doranner heescht et, datt eng ministeriell Geneemegung muss da virleien, wann d‘Konstruktioun no 1965 erriicht ginn ass. Am Fal Traversini huet sech de Ministère op den Datum vum Bau vum Haus (1961) misse bezéien.

Et huet einfach keng aner Ënnerlage ginn, déi eng „legal Existenz“ vum Gaardenhaische beleeën. Hei ass een am Fall vun enger „Interpretatioun“ vum virleiende Gesetzestext, an et sollt een et de Riichter vum administrativen Tribunal iwwerloossen, doriwwer ze befannen. Geet sech dat alles op, da sollt zumindest dëse Volet am Dossier „Traversini“ a Wuelgefällegkeet opléisen.

En „drëtten“ am Bond

D‘Ministesch huet nach drop higewisen, datt eng Immobilière och e Recours ageworf huet. Näischt wat si elo géif beonrouegen, vu datt dës Entreprise zolidd Aktiv ass, a mëttlerweil 139 Recourse géint Entscheedunge vum Ministère abruecht huet. Dat mat éischter wéineg Aussicht op Erfolleg, mee esou ass et nu emol. Beonrouegend wier dat alles net, et géif ee gewëssenhaft schaffen.

Wou et dann nees zoulässeg ass Zweiwel ze hunn, ass bei der perséinlecher Relatioun, déi béid Politiker verbënnt. Et ass een an der selwechter Partei an als Deputéierten ass en no um Minister. D‘Carole Dieschbourg dementéiert awer sech perséinlech abruecht ze hunn a behaapt sech och drop net mam Roberto Traversini iwwert dësen Dossier ënnerhalen ze hunn. Op et stëmmt?

Elo heescht et dann och, datt de fréiere Buergermeeschter gewëllt ass dëst Gaardenhaische ganz ofzerappen, fir de ganzen Diskussiounen entgéintzekommen. Eng novollzéibar Reaktioun, déi awer bedéngt, datt de Roberto Traversini dann elo och d‘Geneemegung muss ufroen, fir sech vum Sträitobjekt trennen ze kënnen. De Parcours vum Combattant huet eréischt ugefaangen…

Et ramouert op der Oppositiounsbänk

Wat d‘Fuerderung vun der CSV ugeet, datt d‘Ministesch sollt zrécktrieden, esou begeeschtert dat net den Ensembel vun den Oppositiounsparteien. Esou si beispillsweis d‘Piraten net iwwerzeegt datt déi Revendicatioun hir Berechtegung huet, ouni domatter der Ministesch e „Fräibréif“ auszestellen. Och de Sven Clement wonnert sech beispillsweis iwwert déi „séier Prozedur“.

Datt si allebéid an der selwechter Partei sinn an och soss Frënn wieren, dat dréit laut dem Sven Clement net derzou bäi, datt Vertrauen opkënnt. Hien ass net eleng mat sengen Zweiwel, och de Marc Baum vun déi lénk argumentéiert an déi Richtung. Den Deputéierte vun déi lénk bréngt zudeem ee puer gutt Argumenter an den Debat an. Argumenter déi duerchaus Folge kënnen hunn.

Esou seet de Marc Baum, datt de Fall gesat, dat administratiivt Geriicht géif entscheeden, datt déi Interpretatioun vun de Gesetzer vill ze lax war, do méi Ministeren hiren Hutt missten huelen, net nëmmen d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Mat anere Wierder, d‘Regierungskoalitioun géif zolidd a Fro gestallt, wann et net esouguer misst zu Neiwahle kommen. Esouwäit ass en nach net.

D‘ADR dogéint kann hir Freed doriwwer, datt déi gréng vun hirem eegene Gesetz an d‘Bredouille gedriwwe ginn, net verstoppen. De Roy Reding erënnert dorunner, datt seng Partei sengerzäit géint dëst Gesetz gestëmmt hat an op der Tribün drop higewisen huet, datt déi gréng net méi d‘Partei vun de Flantermais ass, mee déi vun de „Mëllen“. E Gesetz dat si net amstand sinn selwer anzehalen.

Bei der CSV gesäit een de Konflikt mat der CSV-Sektioun Déifferdeng net. Si wollten sech gëschter awer net méi „positionéieren“. D‘CSV-Fraktioun wëll sech eréischt mat neien Elementer zu Wuert mellen, wann d‘Ëmweltministesch sech an der Kommissioun zu de Virwërf an de gefuerderten Erklärunge geäussert huet. Et gesäit alles duerno aus, wéi wann eis de Sujet géif erhale bleiwen.

Related topics Carole Dieschbourg, Christiane Brassel-Rausch, Déifferdeng, Fränz Meisch, Gaardenhaischen, Gary Diderich, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Next post Previous post