Search

You may also like

Doudeger am Container schocken England
International Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt
International Neiegkeeten

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt

Datt sech d‘Lag an der Golfregioun duerch d‘Ermordung vum iranesche

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)
International Neiegkeeten

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)

Nodeems villeruerts uechtert d‘Land gewësse besser Hären (et ass nach

Minneapolis entschiedegt d‘Famill vum George Floyd

Minneapolis entschiedegt d‘Famill vum George Floyd

Ee gutt Joer nom Mord um George Floyd huet sech d‘Stad mat der Famill op eng Entschiedegung verstännegt. Der Famill vum Affer goufe 27 Milliounen US-Dollar ugebueden, an de Gemengerot huet dem Vergläich a senger Sëtzung vun ee Freideg zougestëmmt.

D‘Famill vum George Floyd hat no sengem Dout de 25. Mee 2020, eng Plainte géint d‘Stad an déi véier implizéiert Polizisten agereecht. Der Verwaltung vu Minneapolis hunn d‘Affekote vun der Famill „bewosst Gläichgëltegkeet“ virgeworf. „Si hunn et verpasst géint geféierlech Praktike vun der Police virzegoen an hir Beamten uerdentlech ze Forméieren. Si hunn domadder eng Kultur vun exzessiver Gewalt an Impunitéit gefërdert“, esou d‘Argumentatioun.

Fir den Affekot Ben Crump, deen d‘Famill vum Affer vertrëtt, muss awer preziséiert ginn, datt „De Vergläich ass ee Wee, fir Gerechtegkeet anzefuerderen. Vill Afroamerikaner mësstrauen dem US-Rechtssystem“. D‘Presidentin vum Gemengerot, Lisa Bender, huet hirersäits kloergestallt: „Ech weess, datt kee Geldbetrag den George zeréckbrénge kann. Ech wëll datt d‘Famill Floyd weess, dat mir mat hinne fillen“. Mee wat bewierkt esou eng Entschiedegung?

Minneapolis

Laut dem Ben Crump, ass dëse Vergläich eng Message. Eng Message déi verdäitlecht, datt d‘Liewe vu schwaarze Mënschen eng Roll spillt an d‘Policegewalt an dësem Kontext muss beendegt ginn. A wann de Volet „Entschiedegung“ sech positiv duerstellt, esou wäert d‘Opmierksamkeet sech awer haaptsächlech op de Prozess vun den ugeklote Polizisten ausriichten. De Prozess géint den Derek Chauvin, deen den George Floyd ëmbruecht huet, ass ugelaf…

mat indymedia/min

Related topics Ben Crump, BLM, Derek Chauvin, Entschiedegung, George Floyd, Minneapolis
Next post Previous post