Search

You may also like

US-President mat Däitschland onzefridden
International Neiegkeeten

US-President mat Däitschland onzefridden

Däitschland wier ee vun de wéinegen NATO-Partner dee sech net

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!
International Neiegkeeten

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!

Um leschte Septemberdag ass um Kierchbierg dat neit Gebai vun

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Biodiversitéit betrëfft eis all, net nëmmen d‘Landwirtschaft

De Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB), hat am Fréijoer mat de

Minneapolis wëll d‘Police nei opstellen

De brutalen Dout vum George Floyd duerch exzessiv Policegewalt a seng Folgen

Minneapolis wëll d‘Police nei opstellen

Et musse besser Zäite kommen an eng Tragedie wéi den Dout vum George Floyd soll sech net widderhuelen. An der Konsequenz wëll d‘Stad Minneapolis de Policeapparat vu Grond op nei organiséieren. An senger Géigewäerteger Form wier dëse Service net reforméierbar.

D‘Presidentin vum Gemengerot, Lisa Bender, huet géintiwwer de Kolleege vu CNN erkläert, datt ee sech drop verstännegt hätt eng ganz nei Struktur fir d‘Policeaarbecht ze schafen. En neie Modell vun der ëffentlecher Sécherheet soll entstoen. Domadder stellen sech d‘Gemengeréit géint déi vum Buergermeeschter Jacob Frey proposéiert „Reform“. Hien hat sech ee Samschdeg am op der Demo géint eng „Ofwécklung“ vun der Police geäussert, gouf ausgepaff a gebuede senger Wee ze goen.

MinneapolisMat 9 vun 13 Stëmmen huet de Gemengerot sech fir d‘Opléisung vum bestoende Policeapparat ausgeschwat. Kuerz nom Vote an nach eppes Berodung, huet de Gemengerot en Statement virgeluecht:

„Joerzéngte vu Policereformen hu gewisen, datt een d‘Police vu Minneapolis net reforméiere kann an dat dësen net fir seng Aktiounen an Haftung ka geholl ginn. Mir sinn haut hei fir de Prozess vun der Opléisung vun der Police ze lancéieren, an en ee neie Modell vun der Sécherheetskultur an eiser Stad ze implementéieren. Mir hunn net all d‘Äntwerten op d‘Fro wéi een eng Police-Fräi Stad soll ausgesinn, mee d‘Communautéit huet se.

MinneapolisMir verflichten eis all wëllegem Member vun der Communautéit nozelauschteren, fir erauszefanne wat Sécherheet fir den Eenzele bedeit. Bis dohinner ginn elo direkt Mesure geholl, fir de bestoende Service ofzebauen. Dat geet nëmme schrëttweis, a mir wäerte mam Budget ufänken. Da muss et zu politeschen Initiative kommen. Mir hunn déi nächst Wochen a Méint vill ze dinn a wäerten op eis Bierger ugewise sinn, et dës Kéier richteg unzepaken“.

Et notzt net ze lafen…

Wéi dat alles elo soll oder kann ausgesinn, a wéi ee ka virgoe fir eng ganz Police opzeléisen, dat konnt um spéide Sonndegowend natierlech kee soen. Fir de Gemengeconseiller Philippe Cunningham ass awer kloer, datt esou eppes net iwwer Nuecht ze maachen ass an d‘Leit muer kee méi hätten deen si am Noutfall kéinten zur Hëllef ruffen. Et wäert ee laange Prozess sinn, well et soll sech gutt iwwerluecht ginn, wat een eigentlech wëll.

MinneapolisMee net nëmme Minneapolis soll eng „Nei Police“ kréien. Zu Los Angeles gëtt elo och ganz haart iwwert de Budget an d‘Ausrëschtung vum Policeapparat nogeduecht. Hei huet de Buergermeeschter Eric Garcetti schonn emol festgehalen, datt eng Kierzung beim Budget vun 150 Milliounen US-Dollar decidéiert ass an nach weider Mesure mussen ergraff ginn. Hie stellt sech dann och op laang Diskussiounen am Gemengerot an.

MinneapolisZu New York ass et de Buergermeeschter Bill de Blasio, dee massiv Reforme bei der Police, wéi och eng Revisioun vum Budget annoncéiert huet. Geld dat der Police entzu gëtt, soll zukünfteg fir Jugend- a Sozialaarbecht opgewannt ginn. Hien huet och ugekënnegt, datt et zu engem anere „Ëmgang“ mat den Disziplinarverfare komme wäert. Hei bréicht et méi Transparenz an d‘Beamte sollten drop astellen, datt Iwwergrëff net méi als „Kavaléiersdelikt“ kënne bewäert ginn.

mat indymedia/min/lax/nyc

Foto: Ee Sonndeg hunn se am „Powderhorn Park“ fir Budgetskierzungen demonstréiert. En neie Sécherheetsmodell opzestellen, wäert awer eppes Gedold fuerderen. © Ilhan Omar (via Twitter)

Related topics Black Lives Matter, George Floyd, Lisa Bender, Minneapolis, Policegewalt, Policereform
Next post Previous post