Mir gedenken dem Bob Saget

Um haitegen Dënschdeg hätt de Bob Saget Gebuertsdag gehat. Den amerikanesche Schauspiller, dee fir seng Roll als Danny Tanner gefeiert gouf, ass den 9. Januar 2022 dramatesch verstuerwen.

De 65 Joer alen a berüümte Schauspiller huet sech a sengem Hotelszëmmer wuel de Kapp gestouss a sech näischt dobäi geduecht. Leider war d’Verletzung méi grouss ewéi geduecht – nodeems hien an d’Bett gaangen ass, ass hien am Schlof enger Gehierverletzung erleeën.

An den 80 an 90er Joren huet d’Serie « Full House » Millioune vu Mënsche begeeschtert. An der Serie goung et ëm een Papp vun dräi Kanner, deen duerch den Dout vu senger Fra, elengerzéiend ginn ass. Fir d’Liewe mat den dräi Meedercher ze meeschteren, huet den Danny Tanner sech Hëllef bei sengem beschte Frënd Joey a Schwoer Jesse gefrot.

Déi ongewéinlech Familljekonstellatioun huet lëschteg, awer och traureg Momenter garantéiert. D’Serie hat 8 emotiounsgeluede Staffelen – vun 2016 bis 2020 huet de Bob Saget och an der erfollegräicher Fortsetzung « Fuller House » matgespillt a fir onvergiesslech Momenter gesuergt. Dobäi huet sech d’Liewen ëm déi, mëttlerweil dräi erwuesse Meedercher gedréit. Déi nostalgesch Folge konnten op Netflix gestreamt ginn.

Dernières nouvelles