Mir gedenken dem Friedensreich Hundertwasser

De Friedensreich Hundertwasser Regentag Dunkelbund, deen eigentlech Friedirch Stowasser geheescht huet, war een éisträichesche Kënschtler, deen um haitege Mëttwoch Gebuertsdag gehat hätt. Allerdéngs ass hien den 19. Februar 2000 am Alter vun 71 Joer verstuerwen.

Den Artist, dee fir säin Asaz vu ville Faarwen, Zwiwweltierm, Goldelementer a speziell Saile weltwäit bekannt ass, hat natierlech och ee bësse méi spezielle leschte Wonsch, deen him erfëllt ginn ass: Hien ass plakeg an ouni Doudelued, an ee vun him entwéckelte Fändel agerullt ginn a gouf esou begruewen – ganz am Aklang mat der Natur. Op säi Graf ass een Tulpebam geplanzt ginn.

Säi bedeitende Kënschtlernumm huet hien sech selwer 1949 erausgesicht – a slawesche Sproochen ass « sto » d’Wuert fir Honnert. Fir säi Virnumm huet hien sech fir Fried (ewéi Fridden) a rich (ewéi räich) entscheet.

Dem Kënschtler seng faarweräich Konscht ass nach ëmmer een zweete Bléck derwäert. D’Wierker lueden net nëmmen zum Dreemen an, si zeechnen sech och duerch eng fantasievoll Individualitéit aus. Hien hat definitiv een speziellen an eenzegaartege Sënn fir Faarwen.

Hundertwasser
D’Hundertwasser-Haus zu Wien © Marjoline Delahaye / unsplash

Dës weidere war de Kënschtler een Eenzelgänger. Hie wär gären a vill um Tuer, mat dobäi waren ëmmer seng Molutensilien – fir spontan iwwerall molen ze kënnen. Dobäi war de Kënschtler net nëmme vill an der Welt ënnerwee, hien huet interessant Bekanntschafte gemaach, sech e puermol bestuet, an natierlech sou munch Auszeechnunge fir seng aussergewéinlech Wierker erhalen.

Dem Friedensreich Hundertwasser säi Liewe war esou mat Wëssen erfëllt an interessant, datt zwee Dokumentarfilmer iwwert hie gedréint goufen.

Hundertwasser
Och mat enger Therme mat Hotel duerft den Hunderwasser sech zu Blumau (Éisträich) veréiwegen © Intentionalart (CC BY-SA 3.0)

Och säin Engagement fir d’Ëmwelt ass bedeitend a luewenswäert. Dës weideren huet hien sech fir d’Rettung vun de Mierer an de Waler agesat. Och d’Tropebëscher an hire Schutz, d‘Longe vun eiser Äerd hunn de Kënschtler beschäftegt.

Am Joer 1973 huet hien Grondstécker an Neiséiland kaf an hat just een Zil – der Natur eppes zeréckzeginn. An dësem Kader huet den Hundertwasser méi ewéi 100.000 Beem geplanzt. Hien huet d’Energie vun der Sonn- a vum Waasser genotzt. Dee Mann war een Unikat. Ee Virbild.

Am Abrëll 1991 huet déi eenzeg Hundertwasser-Ausstellung zu Wien hir Dieren opgemaach. Dobäi kann de Visiteur een detailléierten Abléck a seng Wierker kréien. Dozou gehéieren ënnert anerem – seng Jugendwierker, d’Molerei an d’Architektur. De Kënschtler war villäicht vun der aler Schoul, ma a villen Hisiichte misste mir eis hien zum Virbild huelen – a méi fir eis Natur an Ëmwelt kämpfen. Villäicht och méi fir eist Liewen.

Mir mussen d’Welt erëm faarweg gesinn an eis Fantasie notzen, aplaz datt de groen Alldag eis Gewunnechten iwwerhëlt.

Dernières nouvelles