Search

You may also like

T’ass Europäesch Sportswoch!
Kultur Neiegkeeten

T’ass Europäesch Sportswoch!

Gëschter huet de Sportminister Dan Kersch de Programm vun der

A13: Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng (16.-18.04.2021)
Kultur Neiegkeeten

A13: Chantier um Echangeur Diddeleng-Bireng (16.-18.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt de Stroossebelag vum Echangeur Diddeleng-Bireng vun

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Eis Damme vum SC Beetebuerg sinn nach net esou spilleresch

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA

1984 ass de Ronald Reagan US-Präsident ginn, d’Ghostbusters hunn am Kino Geeschter gefaangen an de Prince huet “Purple Rain” gesongen. 1984 war och d’Gebuert vum Melusina, wéi mir en haut kennen. Scho 36 Joer laang zitt de Club d’Nuetseilen u wéi e Magnéit, sief et als Eventlocation, Concertssall oder Danztempel.

Seng Maueren an der Rue de la Tour Jacob kënnen dausende Geschichten zielen, a mat all Generatioun kommen Neier dobäi. De Melu gehéiert zu Lëtzebuerg wéi de Kachkéis an d’Gëlle Fra.

D’Kultplaz gouf wéi all aner Acteuren am Nuetsliewen an am Event-Beräich duerch déi aktuell Restriktioune schwéier getraff. Wéini an ob d’Diere vum Melu erëm ouni Aschränkunge kënnen opgemaach ginn, ass net virauszegesinn. Mee d’Käschte lafe weider, ouni Aussiicht op Direkthëllefe vun offizieller Säit.

De Melusina steet fir Liewensfreed, Gesellegkeet an Zesummenhalt

Dofir hu sech e puer vun den aktuellen a fréiere Melusaurier zesummegedoen, fir mat engem Lidd e positive Message eraus ze schécken. An de leschte Wochen a Méint ass jidderengem kloer ginn, wéi wichteg den tëschemënschleche Kontakt ass, a wéi elementar et ass, och emol heiansdo kënnen ofzeschalten an d’Welt fir e puer Stonne mat aneren Aen ze gesinn.

De Melusina Staff, d’Barleit an d’DJs freeë sech elo schonn drop, wa mir nees all zesummen am Clausener “Tempel” e Patt huelen a feiere kënnen. Mir hoffen, dir hutt all Freed mam Song an en hëlleft iech, a manner schéine Momenter un déi gutt Zäiten ze denken. All Geste zielt, besicht dofir www.melusina.lu.

Mir géingen eis immens freeën, wann Dir dem Melu eng Hand mat upake géift, fir an den nächste Wochen a Méint iwwer d’Ronnen ze kommen. Merci fir all Contributioun! An net vergiessen: Geschwë kënnt den Dag … 🙂

Opmaacherbild: © Melusina / Facebook

Related topics Clausen, Club, Disko, Feieren, Fundraising, Lidd, Melu, Mir ginn an de Melusina, Nuetsliewen, Rue de la Tour Jacob, Stad Lëtzebuerg, Video
Next post Previous post