Search

You may also like

August Rise Up: Si klamme souguer op d’Brandenburger Tor erop
Neiegkeeten

August Rise Up: Si klamme souguer op d’Brandenburger Tor erop

Just sechs Woche sinn et nach bis zu de Bundestagswahlen,

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen
Neiegkeeten

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen
Neiegkeeten

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung

Mir gratuléieren: BTS-Schüler kruten hiren Diplom

Mir gratuléieren: BTS-Schüler kruten hiren Diplom

Lëschten Donneschdeg sinn um Campus Belval Diplomer an d’Präisser vun der Formatioun BTS (Brevet de technicien supérieur) iwwerreecht ginn.

De Lëtzebuerger Héichschoulminister Marc Hansen huet dobäi 220 Studenten hire Brevet feierlech ausgehännegt a waren an 23 verschidde Léiergäng agedeelt. Dëst Joer sinn dann och déi alleréischt Diplomer vum BTS „Chimie Analytique“ vum LTC iwwerreecht ginn.

Diplom

© LTAM

A senger Usprooch huet de Marc Hansen ënnerstrach, datt d’Formatioune vum BTS een Schlësselelement vum Lëtzebuerger Land a senger Bildung sinn. Se erlaben de Studenten net nëmmen eng spezialiséiert berufflech Qualifikatioun, mee och wichtegt methodescht Kënnen, wat hinnen an hirem aktive Beruffsliewen hëllefe wäert.

Säit der Rentrée 2018/2019 gi fënnef nei Formatiounen am BTS ugebueden. Dovu sinn der dräi am Lycée des Arts et Metiers (GameArt and Game Design, Game Programming and Game Design an Internet of Things), eng am Lycée Guillaume Kroll (Cloud Computing) an eng an der Hotelsschoul (Hospitality Management).

Related topics BTS, Diplom, Edukatioun, Lycee, Marc Hansen
Next post Previous post