Search

You may also like

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn
Neiegkeeten

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn

Dräi mol am Joer mécht de STATEC eng Etüd zu

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven
Neiegkeeten

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven

Zënter siwe Woche befanne sech d’Land an d’Leit am Corona-Ausnamezoustand.

Mir kréien eng nei Identitéitskaart

Mir kréien eng nei Identitéitskaart

Gëschter gouf an der Chamber de Gesetzprojet 7715 betreffend d‘Identifizéierung vun de physesche Persounen ugeholl, an ersetzt folgerichteg dat modifizéiert Gesetz vum 19. Juni 2013. Dëst Gesetz ass noutwenneg fir d‘Transpositioun vun der europäescher Direktiv „UE 2019/1157“.

An dësem Gesetz geet et drëms déi am Chip vun der Identitéitskaart enthale biometresch Daten ze erweideren. An dat schonn ab dem 2. August vun dësem Joer. Wien also no dësem Datum seng nei Identitéitskaart ufreet, huet dann am Chip net nëmme säi Gesiicht a seng digitaliséiert Ënnerschrëft, mee och zwee Fangerofdréck ofgespäichert. Dat gëllt iwwregens fir all Mënsch ab 12 Joer.

Iwwert d‘Erweiderung eraus, soll d‘Gesetz eng grouss Verbesserung fir d‘Gemengeverwaltung an de Bierger mat sech bréngen. D‘Informatioun déi sech op de gewéinleche Residenzuert vum Bierger bezitt, ass net méi Bestanddeel vun den Donnéeë vun der Identitéitskaart. Dat huet de Virdeel, datt den Detenteur vun der Identitéitskaart net méi bei all Adressewiessel, eng Nei brauch.

Illustratioun: © George Prentzas / unsplash

Related topics biometresch Daten, Chamber, EU Direktiv 2019 1157, Fangerofdréck, Gesetzprojet 7715, Identitéitskaart
Next post Previous post