Search

You may also like

Indonesien radikaliséiert sech
Money Neiegkeeten

Indonesien radikaliséiert sech

„Eenheet a Villfalt“… esou de Motto vun Indonesien. Domadder ass

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen
Money Neiegkeeten

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen

De Gesondheetsministère huet haut d’Statistiken zu de Stierffäll vum Joer

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent
Money Neiegkeeten

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent

De bekannte gastronomesche Guide Gault & Millau huet gëschter d’Gewënner

money

#Openlux – Mir si keng Steieroas

(Bal) déi ganz Chamber huet dem Finanzminister seng Positioun zum neierleche Finanzskandal approuvéiert

#Openlux – Mir si keng Steieroas

Bei der Aktualitéitsstonn an der Chamber ass et um Dënschden, ëm dee vun engem investigative Journalistekonsortium (mat Lëtzebuerger Bedeelegung) opgeworfe Finanzskandal „#Openlux“ gaangen, an de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) konnt sech dobäi op d‘Ënnerstëtzung vun (bal) alle Parteie verloossen. Et gouf awer och zougestane, datt et (nach) besser misst ginn.

Lëtzebuerg ass keng Steieroas, mee ee Rechtsstaat deen all seng Accorden an d‘Reglementer géif respektéieren, esou de Finanzminister gëschter op der Tribün an der Chamber. Hien huet nach emol, wat scho säitens der Regierung um spéide Sonndegowend als Communiqué un d‘Medie gaangen ass, méi extensiv widderholl. Lëtzebuerg ass, wann et ëm d‘Finanzplaz geet, propper an transparent.

Eist Land géif, no de grousse Changementer déi d‘Bettel1-Regierung an d‘Wee geleet huet, op kenger schwaarzer, jo net emol méi op enger groer Lëscht figuréieren. Lëtzebuerg wier ee Beispill un Transparenz, wat letztendlech och déi ganz „investigativ“ erméiglecht hätt. Et wier vläicht net alles perfekt, mee et géif kontinuéierlech dru geschafft, och déi allerleschte Lächer ze stoppen.

Dat esouwuel am Kontext vun der Steierhannerzéiung, Steierflucht mee besonnesch der Geldwäsch. Et bleift net aus, datt ëmmer nees schwaarz Schof eis Finanzplaz notze géifen, hei awer bréicht eng Europäesch Äntwert an déi kéint och nëmme vu Bréissel kommen. Lëtzebuerg géif d‘Initiativ vun der Kommissioun, d‘Schafe vun enger europäescher Agence géint de Blanchiment, ënnerstëtzen.

Ze vill Finanzhaiser, net genuch Kontroller

D‘Justizministesch huet hirersäits nach emol drop higewisen, datt et d‘Acteuren um Terrain sinn, déi hir Cliente kenne mussen. Hunn déi ee Verdacht, muss dësen un déi zoustänneg Gremien an Autoritéite weidergeleet ginn. D‘Sam Tanson (déi gréng) bestätegt datt ee Gesetzprojet an Aarbecht ass, fir 20 weider Referenten agestallt ginn, fir der Flut vun Infraktiounen Här ze ginn.

Si ass zudeem eppes verwonnert, iwwert wéi dës „Enthüllunge“ vum Public opgeholl ginn. De Regëster vun den effektive Beneficiairen (RBE) ass fir all Mënsch op der Welt oppen. Et gëtt weder Fraisen nach soss Hürden, sech déi ganz Informatiounen zesummenzesichen. D‘Journalisten hätten zu allen Informatiounen Zougang gehat, an dat wier an anere Länner esou net de Fall.

D‘Sam Tanson weist nach drop hinn, datt den oppene Regëster net nëmmen eng Pionéierleeschtung ass, mee ee Beispill un Transparenz ass. Sécher géif et d‘Méiglechkeet d‘Demande ze maachen, fir en Numm net am Regëster ze verëffentlechen. Eng 4.000 dëser Demande sinn zeréckgewise ginn an 300 Demande sinn „en Attente“ well den EuGH nach eng Grondsazentscheedung treffe muss.

Et wier awer richteg, esou d‘Justizministesch, datt et méi Personal brauch an och soss ëmmer emol muss verschiddentlech verbessert an/oder ugepasst ginn. Dorunner wéi gesot gëtt jo scho geschafft, an villes dierft zäitno geschéien. Et ass een am Kontext vun #Openlux awer nach wäit vun engem Skandal wéi LuxLeaks ewech. Et géif een d‘Kritik vun de Medie vun de Medien eescht huelen…

Déi meescht schéngen sech eens ze sinn

Fir de Laurent Mosar (CSV) war et eng Opportunitéit dem Land ze weisen, datt dës Regierung net alles verkéiert mécht a sech mat hirem Positionnement richteg verhalen huet. Hien ass haart an d‘Geriicht mat de Journaliste gaangen, déi hei keng „investigativ Recherche“ Opweises hätten a besser Berode wieren ënnert den Teppech vun hirer Respektive Länner ze kucken.

Bezunn op d‘Süddeutsche Zeitung (SZ) net zoutreffend. Hei gi mat grousser Reegelméissegkeet beispillsweis, déi ganz Waffegeschäfter vun der däitscher Regierung ënnert d‘Lupp geholl. Dat huet de Fernand Kartheiser (ADR) net dovunner ofgehalen, den Ausféierunge vun der CSV-Fraktioun ze follegen. Et dierf nach preziséiert ginn, datt och d‘Koalitiounsparteien, d‘Regierung hei stäipen.

Wärend d‘Piratepartei méi „nuancéiert“ déi aktuell Situatioun vun der Finanzplaz Lëtzebuerg gesäit a sech Verbesserungen, wéi beispillsweis esou ee Regëster op EU-Niveau wënscht, ass de Skandal bei déi lénk op fruchtbare Buedem gefall. De David Wagner (déi lénk) war schonn eppes veriergert, besonnesch bezunn op d‘Bezeechnung „schwaarz Schof gëtt et iwwerall“. Hien huet kritiséiert.

Hie werft der Politik an der Finanzplaz vir weiderhin déi multinational Konzerner unzelackelen, an dat mat Steiermodeller, déi sech all Handwierker oder Salarié am Land wënsche géif. De Modell „Lëtzebuerg“ entsprécht net der Virstellung vun déi lénk, an den David Wagner huet et ganz gutt verständlech zum Ausdrock bruecht: „Ech sinn net d‘Finanzplaz Lëtzebuerg!“.

Illustratioun: erge / pixabay

Related topics #Openlux, Aktualitéitsstonn, Chamber, Finanzminister, Justizministesch, Pierre Gramegna, Sam Tanson
Next post Previous post