Search

You may also like

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?
Meenung

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

An engem längeren Entretien mam „Le Point“ huet de fréiere

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament
Meenung

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament

D‘Medikament „Remdesivir“ vu „Gilead Sciences“ gouf ursprénglech wéinst senge virostateschen

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder
Meenung

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

De Weekend iwwer war et nees esou wäit: D’Foire Agricole

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat grousser Sécherheet och net déi gréissten Oppositiounspartei héiere soen: „Mill wëllen net, datt Europa eng Eenheet ass!“. U sech misst een also dovunner ausgoen, datt méi Zesummenhalt erwënscht ass, oder?

Ma genau do läit wéi ëmmer de Problem, esou laang wéi een e Virdeel huet, e Privileg souzesoen, da wëll een deen och behalen. Do kënnt d‘Iwwerleeung vu Paräis a Berlin, de GAFA (Google – Amazon – Facebook – Apple) mat méi héije Steieren op d‘Spréng ze hëllefen, net wierklech gutt un. Gutt, Lëtzebuerg ass elo net dat eenzegt Land deem esou eng Iddi net geheier ass.

Den dänesche Finanzminister Kristian Jensen ass zum Beispill der Meenung et misst ee virsiichteg sinn. Also wann een d‘Internetmafia besteiert muss ee virsiichteg sinn, net well se engem e Päerdskapp op d‘Kappkësse leet, mee well se sech kéint duerch d‘Bascht maachen. Gutt, mee wou wëllen se dann hin?

Hire Problem wier nämlech net geléist, se kéinten esouguer riskéieren hir droleg Geschäfter an hiren Dateklau guer net méi kënnen duerchzeféieren. Hätt nämlech keng vun deenen Entreprisen e Sëtz an der EU, kéinten se schnell de Kabel ofgepëtzt kréien. D‘Suerg vun deenen, déi sech der Propose aus Frankräich an Däitschland net wëllen uschléissen, ass, datt bei gläicher Steier hire Standuert net méi attraktiv kéint sinn.

An och wann et mir nawell zimlech hanne laanscht geet wou d‘GAFA hir Steieren net bezuelen, esou beonrouegt mech de Behuel vun eise politesche Vertrieder. Engersäits grousse Kino iwwer „d‘EU muss gestäerkt ginn“ bis „mir musse mat enger Stëmm schwätzen“ an „mir brauche méi Harmoniséierung an der EU“. Gutt, mee wat dann elo?

Harmoniséiere bedeit, ausser ech hunn an der Schoul net gutt opgepasst, datt jiddereen dat selwecht mécht wéi deen aneren. Dat bedeit dann awer och, datt EU-Länner sech net sollte Konkurrenz maachen. Net als Steierparadäis an net als Loundumping-Land. Elo kann oder wëll awer net all Land bei deem Spill matmaachen, wat beweist, datt et dat Europa vun deem eis ëmmer erzielt gëtt, guer net gëtt.

Foto: Google ass nëmmen een vun de „Big Four“ déi sech do nidderloosse wou se keng bis ganz wéineg Steiere musse bezuelen. Der dierft roueg dovunner ausgoen, datt se net op Lëtzebuerg kommen well de Präis vum Terrain esou bëlleg ass.

Related topics Amazon, Apple, Europa, Facebook, Google
Next post Previous post