Search

You may also like

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen
Meenung

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen

Transparenz géintiwwer dem Bierger ass him wichteg. Den 32 Joer

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“
Meenung

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
Meenung

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn

E Kommentar

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn

Eis Bibliothéiken sinn alt heiansdo déi vergiessen Helde vun eiser Kulturlandschaft. Dobäi sinn et grad si, déi engem en Zougang zum Fundament vun eiser Kultur, dem Buch, bidden. Dat gratis, a mat engem grousse Choix! Mat der neier Nationalbibliothéik, déi am Ament um Kierchbierg gebaut gëtt, ass och bewisen, datt den Engagement net ophält. An dach gëtt een d’Gefill net lass, datt vill Leit sech guer net bewosst sinn, firwat eng Bibliothéik gutt a wichteg ass.

Et ass da wuel net méi wéi iwwerraschend, wann am Wahlkampf kaum iwwert se geschwat gëtt. Zum enge kritt ee jo d’Gefill vermëttelt, datt mat der neier Nationalbibliothéik “genuch gemaach” gëtt. Zum anere spillt Kulturpolitik hei am Land déi zweet Gei. Dat misst awer net esou sinn, ass déi aktuell Debatt ronderëm déi Lëtzebuergesch Sprooch ënnert dem Stréch näischt anescht, wéi eng Kulturdebatt. An deem Volet spillen eis Bibliothéiken eng wichteg Roll.

D’Lëtzebuerger Literatur profitéiert immens vun de Bibliothéiken

Vill Wierker vu Lëtzebuerger Schrëftsteller kommen a klengen Oplagen eraus. Kleng heescht an dësem Kontext, datt villäicht ëm déi 500 Exemplaren gedréckt ginn. Un dës Wierker ze kommen ass no enger gewësser Zäit schwéier, well se séier vergraff sinn. D’Bibliothéiken hëllefen hei mat hire Bestänn, dëst Lëtzebuerger Kulturgutt disponibel ze halen. Net nëmmen dat, mee duerch d’Evenementer, wéi Liesungen, déi duerch d’Bibliothéiken organiséiert ginn, kréie Lëtzebuerger Schrëftsteller och d’Geleeënheet, fir sech engem mi groussem Publikum ze presentéieren.

Den Zougang zur Kultur soll am Idealfall fir jiddereen d’selwecht sinn: e soll näischt kaschten an och liicht accessibel sinn. Dat implizéiert eng gutt Verbreedung vun de Bibliothéiken, esou datt een net duerch dat halleft Land kutschéiere muss, fir eppes ausléinen ze kënnen. Do goufe Fortschrëtter gemaach, ënnert anerem och iwwert de a-z.lu. Mee dat heescht net, datt d’Situatioun perfekt ass.

Esou kéint een duerchaus d’Konzept vun der Bicherkëschte/kabinnen nach weider ausbauen. Zum Beispill kéint ee mat der Iddi spillen, dës Këschten och op Garen ze stellen. D’Bicher, déi do an d’Zich matgeholl ginn an do idealerweis gelies ginn, géinge vir eng gréisser Visibilitéit vum Kulturgutt Buch féieren. A vue datt dëst Plaze sinn, wou vill Leit zesumme kommen, sollt et net un der sougenannter Masse Critique feelen. Et wier alt nëmmen eng Iddi, fir d’Wäertschätzung vun de Bibliothéike klammen ze loossen. Wee weess, villäicht kommen der am Laf vum Wahlkampf nach e puer dobäi?

Related topics Bibliothéiken, Kultur, Lëtzebuerg
Next post Previous post