Search

You may also like

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021
Kultur Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021

D’Verwaltung vum ëffentlechen Transport deelt mat, datt et ab dësem

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen
Kultur Neiegkeeten

Wa Fridden a Klimaschutz zesummen opwuessen

Leschte Samschdeg huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht d’Blécker op sech

D’Miselerland brennt! – Den 23. & 24. Oktober 2021

D’Miselerland brennt! – Den 23. & 24. Oktober 2021

Zënter méi wéi 10 Joer invitéieren d’Brenner op der Musel op hiren traditionelle Brennerdag “D’Miselerland brennt!” fir de kulturellen a kulinaresche Räichtum vun hiren Destillater virzestellen. Den 23. a 24. Oktober fënnt de Brennerdag déi éischte Kéier grenziwwerschreidend mat de Frënn vun der Däitscher Musel statt an dat Ganzt ënnert dem Motto “D’Musel brennt!”.

Dëst Joer kënnen d’Brenner hir Produiten also iwwer d’Grenzen eraus presentéieren an esou hir Brennkultur ervirhiewen. Traditioun a Kultur, awer virun allem déi héichqualitativ Matière Première aus de Bongerten, Wéngerten a Fléier vun der Muselregioun kombinéiert mam Knowhow vun eise passionéierte Miseler Brenner suerge fir e gudde Goût an exzellente Genoss vun hire regionale feinen Uebstbränn.

Loosst Iech beim Besuch vun Ärer Brennerei an d’Welt vun de gudde Geeschter aus dem Miselerland entféieren a verpasst d’Geleeënheet net, de Brenner bei hirem Handwierk iwwer d’Schëller ze kucken an eng gutt Drëps fir Är Léifsten mat Heem ze huelen!

De Programm op béiden Deeg mat Visitten, Animatiounen, Wanderungen a kulinareschen Highlights ass individuell vun de Brenner zesummegestallt gin an ass op hirer Websäit oder soziale Medien ze fannen.

D’Brennereien vun der Lëtzebuerger Musel maachen Samschdes tëscht 14.00 an 18.00 Auer a Sonndes tëscht 11.00 an 18.00 Auer hier Dieren op. Individuell Ännerunge vun de jeeweilege Brenner si méiglech.

Am Kader vum 10. Gebuertsdag vum Brennerdag goufen d’lescht Joer zesumme mat der Patisserie Hoffmann d’ “Trüffen aus dem Miselerland” hiergestallt. Déi 5 Schockela’s Trüffen, gefëllt mat jee enger Drëpp aus enger vun de 5 Brennereien, hunn de Gäscht esou gutt geschmaacht, esou datt se nach emol produzéiert goufen an dëst Joer och erëm um Brennerdag bei deene verschiddene Brenner op der Plaz kënne kaf gi. An e puer Brennereien gëtt och live gebrannt a fir dee klengen Honger ass och iwwerall gesuergt.

Fir e sécheren Oflaf vum Event kënnen ze garantéieren, sinn all d‘Gäscht gebieden déi offiziell COVID Reegelen anzehalen déi deen Ament a Kraaft sinn (3G-Check).

D’Brenner am Miselerland freeën sech Iech op hirem traditionelle Brenner-Event ze begréissen an hir Leidenschaft mat Iech ze deelen.

Folgend Brennereien maache mat:

Brenner am Miselerland asbl (23, rue de Trèves, L-6793 Gréiwemaacher)
www.brenner-am-miselerland.lu

Distillerie artisanale Zenner (42 + 135, Wäistrooss L-5447 Schwebsange (Gemeng Schengen))
www.distillerie-zenner.lu

Distillerie Weber André (4, rue des Vergers L-5485 Uewer-Wuermer)
distillerieweber@pt.lu

Distillerie Diedenacker Camille & Mariette Duhr-Merges (9A, rue Puert L-5433 Nidderdonwen)
www.diedenacker.lu

Caves et Distillerie Max-Lahr et fils (6, rue des vignes / 4, rue de Niederdonven L-5401 Ohn)
www.max-lahr.lu

Distillerie Streng (1A, rue Kummert L-6743 Gréiwemaacher)
www.streng.lu

Opmaacherbild: © Louis Smit / unsplash

Related topics Bongert, Brenner am Miselerland asbl, Caves et Distillerie Max-Lahr et fils, D’Miselerland brennt!, Distillerie artisanale Zenner, Distillerie Diedenacker Camille & Mariette Duhr-Merges, Distillerie Streng, Distillerie Weber André, Flouer, Musel, Traditionelle Brennerdag, Wéngert
Next post Previous post