Search

You may also like

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee
Kultur Neiegkeeten

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de

No de Pro-Palestina Demonstratiounen…
Kultur Neiegkeeten

No de Pro-Palestina Demonstratiounen…

„Mir wäerten net toleréieren, datt op däitschem Buedem israelesch Fändele

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt
Kultur Neiegkeeten

Zu Esch Uelzecht gi Beem geplanzt

Naturschutz a Klimaplang geet eis alleguerten un, an am beschten

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger

Ënnert 250 Kandidate konnten sech déi schéinst a bescht 17 Bewerber duerchsetze mat Chance op den Titel zur Miss & Mister Luxembourg 2020. Um leschte Samschdeg hunn déi final Challenge stattfonnt, duerch déi den Titel vergi gouf.

Fir d’Editioun 2020 huet de Jury bestanen aus dem Augustin Forquin, Haut Couture-Model fir Christian Dior zu Paräis, dem Claudia Vitoria, Miss Luxembourg 2012, dem Mélanie Heynsbroek, Miss Luxembourg 2019, dem Maria Pietrangeli, Chefredaktesch vum Magazinn Femmes, dem Hervé Lancelin, President vum Comité Miss & Mister Luxembourg an dem Nicolas Tissot, Member vum Comité. Ma bei de verschiddenen Aufgaben ass et hinne virun allem dorëm gaangen, d’Perséinlechkeet vun de Kandidaten erauszekëddelen an ze ermëttelen.

Nodeems d’Top 10 feststounge konnten sech d’Émilie Boland an den Max Bidinger den Titel zur Miss & Mister Luxembourg 2020 erkämpfen. D’Émilie, 23 Joer aus Lëtzebuerg, huet wärend 2 Joer als Stewardesse geschafft, ier hatt eng Formatioun an der Handelskummer gemaach huet fir een eegent Geschäft opzemaachen. A senger Fräizäit ass d’Miss Luxembourg 2020 aktiv als Model, woubäi awer virun allem seng immens Frëndlechkeet an de Wëllen, säin eegene Wee ze goen, de Jury iwwerzeege konnten.

Éischt Dauphine ass d’Alessandra Crescenzo (18 Joer), d’Lynn Heiderscheid (21 Joer) ass Zweet Dauphine.

De Mister Luxembourg 2020 ass een 21 Joer jonke Lëtzebuerger. De Max Bidinger ass passionéierte Reitsportler an duerft schonn an Groussbritannien wärend engem Joer säin Talent ausbauen. Niewebäi ass hien och nach begeeschtert vum Boxen an Taekwondo. Als positive Jonk mat engem oppenen Ouer fir seng Matmënschen, der natierlecher Eleganz a Kämpfergeescht huet hien de Jury a säi Bann gezunn.

Als Éischten Dauphin ass de Mustafa Tofi (22 Joer) gewielt ginn.

Related topics Competitioun, Concours, Émilie Boland, Jury, Max Bidinger, Miss a Mister Luxembourg 2020
Next post Previous post