Search

You may also like

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger
International Neiegkeeten

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

A Saachen erneierbar Energien huet Lëtzebuerg ee weidere Schrëtt no

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss
International Neiegkeeten

Sécherheet an allen Éieren, mee mat Mooss

Bal 35 Joer no der Ënnerzeechnung vum Schengen-Ofkommes huet Däitschland

money
Den Ament flitt d‘Luxair nach op London
International Neiegkeeten

Den Ament flitt d‘Luxair nach op London

Wéi et säitens der Luxair-Direktioun um Sonndegmuere matgedeelt gouf, hätt

Mission Alpha: Den Thomas Pesquet gräift erëm no de Stären

Mission Alpha: Den Thomas Pesquet gräift erëm no de Stären

Véier Astronauten preparéieren sech op de Fluch vun der Missioun Alpha, déi fir en Donneschden um 12:11 Auer vum Kennedy Space Center aus geplangt ass. Hiert Ziel ass déi déi International Raumstatioun (ISS). D’Equippe wäert e puer Méint am Weltall bleiwen, fir wëssenschaftlech Experimenter duerchzeféieren.

Ënnert hinnen ass de franséischen Astronaut Thomas Pesquet, de viru sengem zweete laangen Openthalt, vun Abrëll bis September, am Weltraum steet. Mee dës Kéier wäert den 43-Järegen, am Géigesaz zu senger éischter Missioun, net méi an enger russescher Soyouz-Kapsel, mee an engem amerikanesche Raumgefier vu SpaceX, mat der Crew Dragon an de Weltraum reesen.

Domat ass den Thomas Pesquet den éischten Europäer, dee mat der Crew Dragon flitt, an och den Éischten zënter 10 Joer, dee vun amerikaneschem Buedem start. Wärend sengem zweeten Openthalt wäert den Thomas Pesquet och de Kommando iwwert d’ISS iwwerhuelen. Och hei ass hien den éischte Fransous, deen dës Verantwortung iwwerhëlt. De fréiere Fluchpilot a seng dräi Reesbegleeder, d’Amerikaner d’Megan McArthur an de Robert Shane Kimbrough, sou wéi de Japaner Akihiko Hoshide, wäerten Deel vun der 64. a 65. Besatzungsrotatioun vun der Internationaler Raumstatioun sinn.

Mission Alpha
©SpaceX / Twitter

Stammzelle studéieren

D’Alpha Missioun – am Bezuch op de Stär Alpha Centauri, deen zweetnooste Stär vum Sonnesystem – wäert geziilt d’Gehierstammzelle studéieren, fir hir beschleunegt Alterung am Weltraum besser ze verstoen, an esou zukünfteg Missiounen op de Mound a besonnesch op de Planéit Mars virzebereeden.

Am Ganze gi méi wéi honnert Experimenter gemaach, och mam Zil bestëmmte genetesch Krankheete besser ze verstoen. Souguer de Schlof vun den Astronaute wäert Deel vun enger detailléierter Studie sinn, de Grond ass déi bekannten Dag/Nuecht Stéierung, déi de Schlofrhythmus stéiere kann.

Des weidere wäert d’Equippe d’Entwécklung vun engem komeschen „Blob“-Organismus ënnersichen. En ass weder Déier, Planz nach Pilz a besteet aus enger eenzeler Zell. A schlussendlech wäerten d’Astronaute wärend véier Ausflich Solarpanneauen installéieren.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: Déi 4 Astronauten, déi scho muer mat der SpaceX an de Weltraum reesen © SpaceX / Twitter

Related topics Akihiko Hoshide, Blob, Crew Dragon, Megan McArthur, Missioun Alpha, Robert Shane Kimbrough, SpaceX, Stammzellen, Thomas Pesquet, Weltall, wëssenschaftlech Experimenter
Next post Previous post