Search

You may also like

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President
Neiegkeeten

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President

Datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus e politescht Gefill

Wéi steet et ëm eise Justizminister?
Neiegkeeten

Wéi steet et ëm eise Justizminister?

Nodeems de Justizminister Félix Braz (déi gréng) den 23. August

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Neiegkeeten

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

De Sozialplang bei Mitsubishi Bank ass ënnerschriwwen

De Sozialplang bei Mitsubishi Bank ass ënnerschriwwen

Den OGBL (Majoritär bannent der Personaldelegatioun), d‘ALEBA an de LCGB hunn e Méindeg mat Mitsubishi UFJ den annoncéierte Sozialplang gezeechent. Betraff sinn hei 16 Mataarbechter vun den 164 déi hei zu Lëtzebuerg beschäftegt sinn.

Nodeems d‘Japaner sech duerchgerongen hu Finanzdéngschtleeschtungen an operationell Servicer op aner Standuerter auszelageren, haten si op emol ze vill Personal zu Lëtzebuerg. An enger éischter Decisioun, sollten 22 Mataarbechter sech anzwousch anescht eng besser Zukunft opbauen, wat dann an de Verhandlungen op 16 Salariéeë konnt gedréckt ginn. Et heescht weider, datt d‘Verhandlungen an engem „konstruktiven Toun“ gefouert goufen.

Illustratioun: © Leon Seibert / unsplash

Related topics ALEBA, Finanzplaz, LCGB, Mitsubishi Bank, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post