Search

You may also like

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent
Money Neiegkeeten

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent

De Sebastian Fitzek ass wuel allen Thriller-begeeschterte Persoune bekannt. Datt

Trump-Diplomatie vum feinsten
Money Neiegkeeten

Trump-Diplomatie vum feinsten

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

Sécher Rentrée 2021
Money Neiegkeeten

Sécher Rentrée 2021

Vun där aner Woch un, wäert d‘Police nees ee besonnescht

money

Mitsubishi Bank werft Ballast of

Mitsubishi Bank werft Ballast of

Nodeems d‘ALEBA – d‘Gewerkschaft vun de Beschäftegten aus dem Banken- an Assurancësecteur – matgedeelt hat, datt d‘Commerzbank hir Lëtzebuerger Filial bis 2024 wäert dicht maachen, war et kuerz drop d‘Noriicht, datt d‘Japaner vu Mitsubishi och Restrukturatiounspläng hunn.

Bei Mitsubishi IFJ Investore Services & Banking Luxembourg SA beschäftegt aktuell 160 Salariéeë vun deenen der 20 iwwert ee Sozialplang vun der Lounlëscht solle gestrach ginn. Wéi et säitens der Gewerkschaft ALEBA heescht, wieren éischt Verhandlungsschrëtt an d‘Wee geleet ginn. Woubäi et gëllt elo emol eng Entrevue mat der Direktioun ze kréien, déi sécherlech kucken dierften, wa sech bei de villen „Aktiounen“ am Secteur den Ament deet.

D‘Japaner verfollege mat grousser Opmierksamkeet d‘Gestreits, datt et tëscht der „representativer“ ALEBA an den sech fir ee staarke Kollektivvertrag asetzend Gewerkschaften, LCGB an OGBL, den Ament huet. Et ass zudeem net den eenzege Sozialplang am Secteur, mat deem sech allgemeng d‘Gewerkschaften ausenanersetze mussen. Zudeem kann een der Direktioun hei ënnerstellen, datt si ganz genee weess, wéi komplizéiert de Kontext ass.

Bannent wéinege Méint huet d‘Finanzplaz Lëtzebuerg honnerten Aarbechtsplaze verluer, an et dierf een dovunner ausgoen, datt et net wäert bei dëse bleiwen. Déi allermannsten Entloossunge stinn am Kontext mat der Covid19-Pandemie. Et sollt een hei net iwwersinn, datt de Weltmaart insgesamt duerch d‘Pandemie agebrach ass, wat en direkten Impakt op Investitiounen a Konsum huet. An da wier do jo och nach de „Kampf“ géint de Klimawandel…

Related topics ALEBA, Bankesecteur, Finanzplaz Lëtzebuerg, Sozialplang, Wirtschaftskris
Next post Previous post