Search

You may also like

Éischt Victoire ënnert neiem Management
Neiegkeeten

Éischt Victoire ënnert neiem Management

Changementer kënne gutt sinn, verlaangen awer oft och eppes Zäit

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN
Neiegkeeten

Oppene Bréif vum Astrid Lulling: 35 Joer SCHENGEN

Als laangjäreg Europadeputéiert (34 Joer) hunn ech mech immens gefreet,

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus
Neiegkeeten

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus

Eigentlech fënnt de Picadilly – dat grousst Wäifest – zu

D’Miwwellinn mat „Holz vun hei“ – E Stéck Mëllerdall fir Doheem

De Geroch vu regionalem Holz a qualitativ héichwäertege Miwwel läit an der Loft. Mat der Miwwellinn „Holz vun hei“ ass et elo méiglech e Stéck Mëllerdall an den eege véier Wänn bewonneren ze kënnen. D’Presentatioun an der Schräinerei Knaf-Buchler wollte sech weder de Camille Hoffmann, Beeforter Buergermeeschter a President vum Natur- a Geopark Mëllerdall (deen iwwregens och selwer stolze Besëtzer vun engem Stéck wäert ginn), nach d’Ministere entgoe loossen.

Wärend der Industrialiséierung huet besonnesch an der Regioun Mëllerdall d’Holz eng wichteg Roll gespillt. Hat de Krich de Beem uerg zougesat, an eng net grad nohalteg Bewirtschaftung den Zoustand vun de Bëscher weider verschlëmmert, esou huet spéitstens d’Pandemie un eisem Bewosstsinn gerëselt a gewisen, wéi ofhängeg Lëtzebuerg vum asiatesche Maart ass.

Kuerz Weeër an eng lokal Produktioun ze fërderen, dréit esou net nëmmen zu méi Onofhängegkeet bäi, mee reduzéiert och nach CO2-Emissiounen an iwwerzeegt duerch den Erhalt an d’Kreatioun vun Aarbechtsplazen.

An dësem Kader ass 2012 duerch zwee LEADER-Projeten de Fokus dorop geluecht ginn, d’Ressource Holz nees méi ze valoriséieren. Mat ronn 38% Bëschundeel läit d’Regioun Mëllerdall nämlech iwwert dem nationalen Duerchschnëtt. Bänken, touristeschen Infrastrukturen a souguer Facadenelementer aus „Holz vun hei“ feieren nach ëmmer Succès. Mat Hëllef vun der Beeforter Schräinerei Knaf-Buchler konnt een elo e Schrëtt méi wäit goen.

Holz vun hei
© Shari Pleimelding / moien.lu

„Elo soll kee Vakuum entstoen“

War et fréier Standard, seng Miwwelen iwwert e lokale Betrib hierstellen ze loossen, esou bréngt d’Miwwellinn mat „Holz vun hei“ dësen handwierklechen an traditionellen Aspekt zeréck an eist Liewen. Um Wee vum Bam zum Miwwelstéck leet d’Holz knapp 90 km zeréck, huet eng Zertifizéierung a setzt d’Qualitéit op all Niveau an de Virdergrond.

Gutt 3 Joer ass et hir, datt den Natur- a Geopark Mëllerdall mat senger Iddi vun der Miwwellinn bei den Hans Oeltges, dee schonn an der 5. Generatioun d’Schräinerei Knaf-Buchler leet, duerkomm ass. Mam Wëllen d’Kieffernholz nees méi gesellschaftsfäeg ze maachen, huet hien a seng Ekipp Traditioun, Moderne a Wäertegkeet verbonnen.

Holz vun hei
© Shari Pleimelding / moien.lu

Vum Iessdësch, iwwert de Bettkader, hin zum Schaf a Regal koume Miwwelen eraus, déi duerch hir Wiermt, wéi och e bezuelbare Präis erausstiechen. Dobäi ginn all Modeller un de Besoin vum Client ugepasst. Bestaune kann een d’Miwwellinn ab elo op Ufro am Showroom zu Beefort.

D’Geleeënheet huet den Hans Oeltges nach ergraff, fir en Appell un déi dräi present Politiker Claude Turmes, Carole Dieschbourg a Romain Schneider ze riichten. De Projet krut nämlech schnell eng immens Dynamik, d’Begeeschterung an d’Nofro sinn esou grouss, datt et aktuell un Holz feelt.

U Motivatioun an Energie feelt et sécherlech net, déi ganz Aarbecht a Freed vun de leschte Méint dierf net einfach verpuffen. „Elo muss et mam Holz virugoen“, huet de Patron ënnerstrach.

De genaue Wee vum Bësch bis an den Ausstellungsraum vun der Schräinerei huet den Natur- a Geopark Mëllerdall mat enger Videoserie op sengem YouTube-Kanal „Naturparke Luxemburg“ festgehalen.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Appell, Beefort, Camille Hoffmann, Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Hans Oeltges, Holz vun hei, Knaf-Buchler, Miwwellinn, Natur- a Geopark Mëllerdall, Onofhängegkeet, Romain Schneider, Schräinerei
Next post Previous post